"Et gëtt kee ganzen Accord" no der drëtter Sozialronn
D'Regierung schwätzt vu konstruktiven Diskussiounen an d'Gewerkschafte vun engem Echec. D'Patronat hätt sech méi laangfristeg Léisunge gewënscht.
Et wiere schwiereg, mä konstruktiv Diskussioune gewiescht, esou de Luc Frieden, dee verséchert huet, datt d'Regierung hir Verantwortung géif iwwerhuelen."Et gouf keen ganzen Akkord, mee mir sinn awer op enger Rei Punkten eis méi no komm." Dat huet de Premier no der drëtter Sozialronn virun der Press gesot. Wat dës eenzel Punkten ugeet, versprécht d’Regierung näischt um Kollektivvertragswiesen ze änneren. D’Aarbechtszäitorganisatioun sollen d’Sozialpartner ënnerteneen am Comité permanent du Travail et de l’Emploi negociéieren.
De Vizepremier Xavier Bettel huet vun Harmonie an der CSV-DP-Koalitioun geschwat. Zu de Gewerkschaften a Patronat huet hie kommentéiert: "Déi eng Sozialpartner hätte gär méi gehat, déi aner manner."
Luc Frieden: Gesetzprojet fir Ouvertureszäite kritt Adaptatiounen, bei Pensioune gëtt u Schrauwe gedréint
Sonndesaarbecht: Hausse vun Aarbechtszäit un Obligatioune gebonnen
Bei der Sonndesaarbecht proposéiert d’Regierung, se vu véier op aacht Stonnen eropzesetzen, wann dat am Kader vun engem Kollektivvertrag oder engem Accord interprofessionnel verhandelt gëtt. Betriber, déi maximal bis zu 30 Mataarbechter hunn, si vun dëser Obligatioun ausgeholl. Si brauchen also kee Kollektivvertrag, fir Sonndes méi laang ze schaffen.
Butteker dierfen an der Woch méi laang op hunn
D’Commercë sollen an Zukunft an der Woch vu 5 bis 21 Auer kënnen ophunn. Butteker, déi bis 1 Auer nuets wëllen opmaachen, kënnen dat alt nees am Kader vun engem Kollektivvertrag oder engem Accord interprofessionnel verhandelen. Weekends kënnen d’Butteker vu 5 bis 19 Auer ophunn. Wa si wëlle bis um 1 Auer an der Nuecht opmaachen, musse se en Accord oder Kollektivvertrag negociéieren. Geschäfter, déi liewesnoutwenneg Produite verkafen, kënnen eng Derogatioun kréien, fir 24 Stonnen op 24 opzemaachen.
Dës Propositioun ass vill méi no um Wirtschaftsminister Lex Delles sengem urspréngleche Projet de Loi wéi déi, déi den 14. Juli um Dësch louch, hunn d’Gewerkschaften no der Reunioun bedauert a géing d’Aarbechtsbedéngunge vun de Salariéeën am Secteur verschlechteren.
Pensiounen: Liewensaarbechtszäit a Cotisatioune klammen
Och wat d’Pensiounen ugeet, bleift et en Gros bei de Propositiounen, déi am Juli um Dësch louchen. Dat heescht, de legale Pensiounsalter bleift bei 65 Joer. D'Liewensaarbechtszäit gëtt iwwer fënnef Joer gezunn ëm aacht Méint an d’Luucht gesat, fir déi, déi virdrun wëllen an d’Pensioun goen.
D'Sozialministesch Martine Deprez erkläert: Leit, déi d’Fréirent mat 60 huele wëllen, solle vun 2026 un ee Mount méi laang schaffen, 2027 ee weidere Mount, dann d’Joren drop bis 2030 all Kéieres zwee Méint. Dat si fir een, deen no 2030 an d’Rente geet, aacht Méint méi. Wie vu 57 Joer u 40 Joer cotiséiert huet, däerf weiderhin dann a Pensioun goen.
D’Kotisatioune klamme da vum nächste Joer u vu 24 op 25,5 Prozent. D'Moderatioun vum Reajustement, also eng Upassung vun de Renten iwwert den Index eraus, géing bäibehale ginn an domat besteet weider d’Méiglechkeet, d’Upassung vun de Renten un d’Lounentwécklung ze reduzéieren, wann d'Depensen iwwert d'Recette klammen. Dat gesäit d'Gesetz vun 2012 esou vir. Och dëst bezeechnen d’Gewerkschaften als Réckschrëtt par Rapport zu den Diskussioune vum Juli. D’Gewerkschafte wollten de Modérateur ofschafen.
D’Prime de Fin d’année géif par contre bäibehale ginn, trotz der geplangter Kotisatiounserhéijung. Dëst wier nom Gesetz vun 2012 am Fong net méiglech. D'Regierung ass do de Gewerkschaften entgéint komm.
Doriwwer eraus soll eng Sozialhëllef agefouert gi fir Leit mat klenge Renten. Leit mat décke Paien, déi selwer mat enger privater Zousazpensioun wëllen op hir Renten uspueren, kënnen an Zukunft vun engem steierlechen Abattement vu 4.500 Euro profitéieren amplaz 3.200 Euro bis ewell.
Mat dëse Mesurë géing ee véier Joer gewannen a misst als nächst 2030 iwwert d’Pensioune schwätzen, esou déi zoustänneg Ministerin Martine Deprez no der Reunioun mat de Sozialpartner. Duerch dës Mesuren, déi een nämlech geholl huet, wäert den Defizit bei de Pensiounen net 2026, mä eréischt 2030 antrieden.
De Premier huet betount, datt een net un de legale Rentenalter vu 65 geet a keng Rente gekierzt ginn.
Gewerkschaften hu soziale Réckschrëtt verhënnert
"D'Verhandlunge waren en Echec - dat méi op der Form, wéi um Contenu". Dat war de Constat fir d'Union Syndicale vun der OGBL-Presidentin. Domat huet d'Nora Back e Konterpunkt zu den Aussoe vun der Regierung gesat, déi de Wierder vun de Syndikater no par Rapport zu de leschte Ronnen zeréckgeruddert wier.
"D'Participatioun vun 25.000 Leit un der Manifestatioun am Summer war net den Optrag, fir keen Accord ze hunn", sou d'Nora Back, déi sech enttäuscht sot, well an hiren An de Geescht vum Sozialdialog net fonctionéiert hätt.
Datt d'Positiounen esou wäit ausernee géife leien, wier och d'Verantwortung vun der Regierung, sou d'OGBL-Presidentin, déi elo wëll d'Basis consultéieren, fir do d'Meenung ze héieren.
Als Conclusioun fir de Patrick Dury wieren et d'Gewerkschafte gewiescht, déi de Korrektiv waren, fir nach méi grouss sozial Réckschrëtt ze verhënneren.
Patronat hätt sech längerfristeg Léisunge gewënscht
Am Numm vum Patronat sot virdrun de Michel Reckinger, datt Ee sech gewënscht hätt, datt een zum Beispill um Punkt vun der Ofsécherung vun de Pensioune méi eng längerfristeg Léisung fonnt hätt, wéi nëmmen eng, déi 3 bis 5 Joer Bestand huet.