"D'Diskussioune bleiwe ganz schwiereg", well d'Positioune vun de Gewerkschaften a vum Patronat "wäit ausernee leien", esou de Premier Luc Frieden.

Dat sot de Premierminister virun der drëtter Sozialronn mat de Gewerkschaften a Patronat e Mëttwoch de Moien. D’Regierung an d’Sozialpartner verhandelen nees iwwert d’Ouvertureszäiten an d’Sonndesaarbecht am Commerce, mee awer och iwwert d’Renten.

Dem Luc Frieden no misst ee versichen, an engem "Geescht vum Kompromëss" inhaltlech "e Stéck" virunzekommen. Allgemeng war d’Atmosphär spierbar manner ugespaant, ewéi bei de Reuniounen am Juli.

Datt et haut misst zu engem Ofschloss kommen, huet de Premier relativéiert: hien hätt gesot, et wier gutt, wann een d’Diskussiounen am September géing ofschléissen. Et misst ee kucken, wéi eng Konklusiounen ee kéint aus all den "duerchdiskutéierten" Dossieren zéien.

Hien huet awer och d’Roll vun der Chamber ënnerstrach, déi Texter misst aviséieren a stëmmen. Et géing och net zu engem "schrëftlechen Accord" kommen, et wieren nämlech ganz ënnerschiddlech Sujeten. Et géinge "separat Konklusioune" ginn. "Ënner wéi enger Form, dat musse mer nach kucken", esou de Premier.

3. Sozialronn am Staatsministère: De Premier Luc Frieden
Et geet ëm Sujeten, déi ëmmer "ënnerschiddlech Vuen" hunn.

Wat d’Renten ugeet, géing mat de Pisten, déi no der zweeter Ronn am Juli um Dësch louchen, de finanzielle Problem vum Rentesystem just e puer Joer no hanne verréckelt ginn. De Luc Frieden sot, et géing kaum e Land ginn, wou eng Rentereform eestëmmeg iwwert d’Bün géing goen. Donieft géingen esou Reformen op Hypotheese baséieren, esou datt déi ëmmer nees missten op de Leescht geholl ginn.

Gewerkschaften "um gudde Wee", Patronat wëll "Equiliber"

D’Presidentin vum OGBL, d'Nora Back, sot hirersäits d’Gewerkschafte géingen "determinéiert" an d’Reunioun goen a sech fir d’Interessie vun de Leit asetzen, fir déi se do wieren, also d’Salariat. Dozou gehéiert och de Reajustement bäizebehalen. Déi Upassung vun de Rente gëtt laut Reform vun 2012 moderéiert wann d’Depense vun der Pensiounskeess iwwert d’Recette klammen, wat d’nächst Joer wäert de Fall sinn.

3. Sozialronn am Staatsministère
"Mir ginn zouversiichtlech an d'Verhandlungen."

De President vum LCGB,  de Patrick Dury, huet virun der Reunioun gehofft, datt et mam "Gestreits" ophale géing. Mat deem wat um Dësch läit wier een "um gudde Wee". Zur Erënnerung: no der Sozialronn leie Pisten um Dësch fir d’Ouvertureszäiten an d’Sonndesaarbecht ze verlängeren, mee manner ewéi Ufanks ugeduecht. A Punkto Rente géing d’Liewensaarbechtszäit manner an d’Luucht goen ewéi geplangt an anescht ewéi d’Regierung et Ufanks wollt, géingen d’Cotisatiounen an d’Luucht goen.

"Am Moment läit net vill um Dësch", sot de President vun der Union des entreprises Michel Reckinger virun der Reunioun. Hie géing sech eng responsabel an equilibréiert Diskussioun erwaarde fir d’Betriber ze stäerken. Wat d’Renten ugeet, wier eng Reform net eppes fir véier bis fënnef Joer, mee minimal 15 Joer, esou de Michel Reckinger.

3. Sozialronn am Staatsminisère: Michel Reckinger
"Am Moment läit net vill um Dësch!"

“Ass et net bei engem gudden Accord, dass duerno jiddereen e bësse rosen ass?”, esou d’Nora Back.