Lonkecher Strooss fir 3 Stonne gespaart, Awunner evakuéiert

© Centre d’Incendie et de Secours Pétange
Zu Péiteng an der Lonkecher Strooss koum et um Freideg den Owend kuerz no 20.15 Auer zu engem Brand an engem Eefamilljenhaus.
Wéi d’Pompjeeën op der Plaz ukoumen, stoung d’Kichen an e Buedzëmmer um Rez-de-chaussée scho komplett a Flamen.
Um éischte Stack huet sech zu deem Ament nach eng Persoun opgehalen, déi vun de Pompjeeën ënner schwéierem Otemschutz konnt gebuerge ginn. Si gouf vum Samu-Noutdokter versuergt a mat Verdacht op eng Dampvergëftung an d’Escher Spidol ageliwwert.
En Iwwergräife vun de Flamen op aner Deeler vum Haus oder op d’Nopeschhaiser konnt duerch den Asaz vun de Pompjee-Corpse vu Péiteng, Käerjeng, Esch a Suessem/Déifferdeng verhënnert ginn.
D’Haaptstrooss zu Péiteng war wéinst dem Asaz fir gutt 3 Stonne laang gespaart.