D'Zuel vun den Infektioune mam Coronavirus ass d'lescht Woch hei am Land erofgaangen.

Tëschent dem 20. an dem 26. Oktober goufen et offiziell 155 Fäll, ronn 90 manner wéi d'Woch virdrun. Och an de Kläranlagen ass d'Konzentratioun vum Virus zeréckgaangen.

D'Gripp zirkuléiert weiderhi wéineg, och wann et an der Woch 43 eng Hausse vun 19 op 31 Fäll gouf.

Och d'Infektioune mam RS-Virus sinn nach ëmmer op ganz nidderegem Niveau.

[galllery]

Kontaktpunkt fir d'Koordinatioun vun de Long-Covid-Patiente gëtt verluecht

De Kontaktpunkt fir d'Koordinatioun vun de Patiente mat Long-Covid gëtt iwwerdeems op den éischten November vum Centre hospitalier an de Centre hospitalier Neuropsychiatrique transferéiert.

Concernéierter kënne vun hirem Generalist dohinner orientéiert ginn. D'Demande muss vum Dokter ënnerschriwwen a per Post an d'Koordinatiounscellule geschéckt ginn. De Parcours vun de Soine bleift dee selwechten.

Dat deelt de Gesondheetsministère mat.