Well si net op eng Table ronde invitéiert waren, schwätzt d'ADR vu "Cancel Culture" a vun engem eklatante Verstouss géint d'politesch Neutralitéit.

D’ADR reagéiert op en RTL-Reportage an ass net frou, datt si net op eng rezent Table ronde am Lycée Hubert Clement invitéiert gouf, op déi all d'Parteien aus der Chamber plus Fokus geruff waren.

De President vum Schülerkommitee hat dëst domat begrënnt, datt d'ADR keng Plattform kréie sollt fir Haass ze propagéieren. D'Partei weist dee Reproche an engem Communiqué vu sech a schwätzt vu "Cancel Culture", vun enger Attack op d'Demokratie, vun engem eklatante Verstouss géint d'politesch Neutralitéit an d'Gläichbehandlung an ëffentleche Schoulen.

Doduerch datt d’ADR ausgeschloss gëtt, wier eng nuancéiert Debatt net méiglech an et géing eng eesäiteg politesch Agenda gefërdert ginn. Dat wier keng Bildung, mä Propaganda. D‘ADR verlaangt vum Educatiounsminister Claude Meisch, datt en intervenéiert, fir datt an Zukunft assuréiert ass, datt all d'parlamentaresch Parteien ze Wuert kommen.