Sechs nei Haiser an der Gemeng Colmer-Bierg ageweit
© Fonds de Logement
An der Gemeng Colmer-Bierg goufen en Donneschdeg sechs nei Eefamilljenhaiser ageweit, déi fir d'Location abordable geduecht sinn.
De Projet an der Rue de la Poste gouf vun der Gemeng an dem Fonds de Logement ëmgesat, dat hannert dem sanéierten Nelsons Haff. D'Käschte belafe sech op eppes iwwer 5 Milliounen Euro a goufen deels vum Logementsministère matgedroen, heescht et en Donneschdeg an engem Communiqué vum Fonds de Logement.
D'Haiser, déi eng Energieklass vun tëscht A+ a B hunn, hunn all den nämmlechte Grondrëss. Iwwert eng Trap kënnt ee bei d'Hausdier. Um Rez-de-chaussée gëtt et eng Entrée mat Garderobe, eng Toilette an een oppene Beräich mat Stuff a Kichen. Vun do aus geet et dann och op Terrass an an de Gaart hannert dem Haus.
Geet een d'Trap erop, fënnt een um éischte Stack dräi Schlofkummeren an ee Buedzëmmer. Um zweete Stack sinn dann nach d'Elterekummer an ee Buedzëmmer ze fannen. All Haischen huet dann och nach ee Carport an eng zousätzlech Parkplaz baussen.