De President vun der franséischer Assemblée nationale, François de Rugy, war um Freideg op Visite zu Lëtzebuerg.

Et war déi 1. Kéier, datt hien zu Lëtzebuerg an der Chamber um Krautmaart war, wou hien eng Reunioun mat den zoustännege Chamber-Kommissiounen hat.

D'Relatioune mat Lëtzebuerg wieren ouni Zweiwel immens wichteg, huet de François de Rugy no der Entrevue betount.

Och de Lëtzebuerger Chamberpresident Mars Di Bartolomeo huet drun erënnert, datt all Dag 92.000 Salariéen d'Grenz tëscht Frankräich a Lëtzebuerg passéieren. Et wier dowéinst kloer, datt een och d'Mobilitéit ugeschwat hätt. Aner Sujeten, déi ugeschwat goufen, waren ënnert anerem Cattenom, de Schengener Lycée, d'Kooperatioun fir d'Kulturhaaptstad 2022 oder och nach de Brexit.

Fir de Francois de Rugy ass et kloer, datt Lëtzebuerg a Frankräich déi nämmlecht europäesch Valeuren deelen, et wier awer wichteg, datt d'europäesch Unioun mat enger Stëmm géif schwätzen, sou de President vun der franséischer Nationalversammlung.