Woumat sech eis Monarche féiere gelooss hunn
Den Documentaire vu Morgan Doux, Monique Kater a Betty Faber e Sonndeg, den 12. Oktober ëm 19 Auer op der Tëlee an elo schonn op RTL.lu an RTL PLAY.
E Jaguar aus de 50er-Joren, deen dem Prënz Felix gehéiert huet, oder de Citroën CX, an deem de Grand-Duc Henri an d’Grande-Duchesse Maria Teresa nom Mariage vun der Kathedral zréck an de Palais gefuer sinn. An engem RTL-Spezial am Kader vum Trounwiessel zielen Autoen e Stéck Geschicht vun der Lëtzebuerger Monarchie. Hir nei Proprietären hunn hir historesch Valeur erkannt an halen dëse Patrimoine dofir um Liewen – eisen Documentaire "Gekréinten Autoen".
En Auto ass zwar e Gebrauchsgéigestand, kann awer och e Stéck Geschicht schreiwen – virun allem, wann en der groussherzoglecher Famill gehéiert huet an domadder och zum Patrimoine vu Lëtzebuerg zielt. Andeems eng Partie Autos-Interesséierter iwwer Joerzéngten dës "Occasiounsween" vum Haff kaaft hunn, hu si eis gehollef, eng speziell Säit vun eiser Monarchie ze dokumentéieren: en RTL-Spezial iwwer déi historesch, déi gekréinten Autoe vum Haff.
Dorënner e Saab, deen de Grand-Duc Henri an der 80er privat gefuer ass, an deen de President vum Saab-Club Lëtzebuerg fir en Apel an e Stéck Brout kaaft huet. Bei engem anere Collectionneur hu mir e Lancia Appia fonnt, en Déngschtwon aus den Enn 50er. An da gëtt et do dee berüümte Buick, deen de Prënz Felix mat de Kanner, am Krich, op Lissabon bruecht huet. Ausserdeem e formidabele Chrysler Imperial, an an der Géigend vun Toulouse de Citroën CX Chapron.
Leit an hir Passioun fir en Automobil, Leit an hiren Interessi fir d’Monarchie. Si an hir Bijoue stinn am Mëttelpunkt vun dësem Documentaire an zielen d'Geschicht vu Groussherzogs aus enger ganz anerer Perspektiv.
De Morgan Doux an d'Monique Kater zesumme mam Betty Faber presentéieren 9 Autoen, déi a Relation mam Haff stinn an déi deen een oder anere vläicht vergiess huet, mee déi duerch hir nei Proprietären awer hir fest Plaz an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Monarchie behale wäerten.