D'Alahe Abrahimia huet dobäi 6.800km zeréckgeluecht
Op am Ganzen 108 verschiddene Plazen huet déi jonk Sportsproff wärend hirer Rees iwwernuecht.
Riets geet iwwert eng 28 Joer jonk Lëtzebuergerin, déi mam Vëlo vu Marrakesch op Lëtzebuerg gefuer ass.
 
                    © Alahe Abrahimia
D’Alahe Abrahimia ass den 2. Abrëll mat enger kanadescher Frëndin a Marokko geflunn, wou déi zwee eng länger Zäit bannent dem Land hin an hir gefuer sinn, éier et weider Richtung Europa goung.
 
                    © Alahe Abrahimia
Vu Süd-Spuenien, laanscht d’Küst a Portugal bis an Nordspuenien, dunn a Frankräich, Schwäiz, Däitschland bis op Lëtzebuerg. 3 an en hallwe Mount waren d’Frëndinnen zesummen ënnerwee, dono ass d’Alahe eleng mam Vëlo Richtung Heemecht weidergefuer.
 
                    © Alahe Abrahimia
Am Ganzen huet déi jonk Sportsproff 6.800km um Vëlo zréckgeluecht an op 108 verschiddene Plaze geschlof.
 
                     
                     
                     
                    