Wien an engem Veräin aktiv ass a sech och nëmmen e bëssi ëm d'Organisatioun bekëmmert, deen dierft an der Lescht net laanscht d'Thema Statutte komm sinn.

Zanter dem 23. September ass dat neit ASBL-Gesetz, no enger Iwwergangsperiod vun zwee Joer, definitiv Kraaft, ma dem Justizministère no si grad emol 37 Prozent vun de ronn 9.300 ASBL'e konform. Am Secteur wonnert een dat net, d'Prozedur wier nämlech eng Zoumuddung gewiescht.

Neit ASBL-Gesetz zolidd an der Kritik / Reportage Marc Hoscheid

Et ass ee Gesetz mat engem zimmlech laange Baart, gouf den initialen Text dach schonn 2009 vum deemolege Justizminister Luc Frieden agereecht. Ma et sollt bis Juni 2023 daueren, ier an der Chamber ofgestëmmt gouf. Et waren iwwregens 54 Deputéiert dofir, just d'ADR an déi Lénk haten dogéint gestëmmt. Datt et op eemol zimmlech séier gaangen ass, louch un engem Rapport vum Groupe d’Action financière, kuerz Gafi, deen ënnert anerem déi international Standarde géint d'Geldwäsch definéiert. Wann net reagéiert gi wier, wier Lëtzebuerg wuel op enger groer Lëscht gelant. Fir d'Anne Hoffmann, Chargée de Direction bei der Agence du Bénévolat, déi dem Familljeministère ënnerstallt ass, ass novollzéibar, datt gehandelt huet musse ginn, ma d'Gesetz wier iwwert de Knéi gebrach ginn. Si bedauert virun allem:

"Datt et esouwuel fir kleng ASBL'e wéi fir grousser gëllt. Ech mengen, do hätt ee vläicht e bëssi méi selektiv kënne virgoen. Eng kleng ASBL, déi 500 Euro um Konto huet a kee Personal, misst een eigentlech anescht behandele wéi eng grouss ASBL, déi ee Budget oder een Etat vun e puer Milliounen huet."

Kleng Veräiner hätten elo zum Beispill quasi keng Méiglechkeet méi, d'Krittäre vun der Utilité publique ze erfëllen, well se sech de Reviseur net leeschte kéinten. Hei ass d'Haaptkritik, datt am Virfeld net genuch mat den Acteure vum Terrain geschwat gi wier.

Wat déi nei Statutten ugeet, wier d'Ausschaffe manner de Problem gewiescht. Do hätt et nämlech vill Hëllefe ginn, zum Beispill Modell-Statutten, déi een um Internetsite vun der Agence du Bénévolat fënnt. Vill méi schwiereg wier par Konter den Depot beim Registre de commerce et des sociétés gewiescht.

"Hiren informatesche System ass e bëssi vereelzt gewiescht an do waren da Reegelen, déi ee vläicht och net ëmmer sou novollzéie kann, wat dann och zu vill Frustratioun gefouert huet. Ech muss awer soen, sou wäit ech weess, huet den RCS eng nei Plattform, ech hoffen, datt se méi einfach ass. A si hunn awer och, dat ass ganz wichteg, eng Helpline, déi ee kann uruffen, déi kascht och näischt, do sinn extrem frëndlech Leit, déi engem weiderhëllefen."

Déi Reegelen, déi méi schwéier nozevollzéie waren, hu sech zu engem gudden Deel op de Layout bezunn. Sou goufen zum Beispill keng Statutten ugeholl, op deenen de Logo vum Veräin war, op deenen eng Ënnerschrëft war oder wou de Bord net déi richteg Breet hat.

Wéi geet et da lo fir déi Veräiner, déi net konform mam Gesetz sinn, konkret virun? Fir d'éischt emol gëllen net méi déi al Statutten, mee d'Gesetz. Domadder ass et awer net gedoen.

"Si wäerten och elo vum RCS ugeschriwwe ginn, mir hu scho Beispiller, wou dat passéiert ass, wou se dann nach eng Kéier frëndlech opgefuerdert ginn, dach hir Statutten a Konformitéit ze setzen. Déi Veräiner, déi dat net maachen, kréien dann nach eng Kéier ee Bréif, deen ass da vläicht e bëssi manner frëndlech an da kann een och op d'Procédure de dissolution goen, da gëtt déi ageleet."

Et hätt een och scho vun enger Partie Veräiner héieren, déi net virufuere wäerten, well hinnen den administrativen Opwand einfach ze grouss ass. Dat wieren an éischter Linn kleng Duerfveräiner.

D'Agence du Bénévolat sammelt elo déi Punkte vum Gesetz, déi mëttel- bis laangfristeg op de Leescht geholl sollte ginn. Déi gëtt d'Agence dann un de Familljeministère virun an et hofft een, datt se da vun do de Wee an de Justizministère fannen. Et géing awer och positiv Aspekter um neie Gesetz ginn: sou ass et de Comitésmemberen zum Beispill elo méiglech, sech op Distanz an d'Reunioune bäizeschalten.