Am Februar 2023 gouf ugefaangen, d'Sir an der Gemeng Weiler zum Tuer méi breet ze maachen – e Projet, dee sech elo scho bewäert, fënnt de Buergermeeschter.

Den eeleften November organiséieren de Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, den Inneministère an d'Waasserverwaltung de Renaturéierungsdësch. D'Zil dovunner ass et, fir an Zukunft besser op Iwwerschwemmunge virbereet ze sinn an d'Biodiversitéit an de Gewässer nohalteg ze preservéieren. D'Marlène Clement war sech een aktuelle Renaturéierungsprojet ukucken.

Renaturéierung vu Sir géing sech elo scho bewäerten / Reportage: Marlène Clement

Zu Siren an der Alzenger Strooss koum et an de leschte Joren ëmmer nees zu Iwwerschwemmungen am Fall vu staarkem Reen. Viru ronn 13 Joer huet d'Gemeng Weiler zum Tuer dofir decidéiert, d'Sir ze renaturéieren a méi breet ze maachen, esou datt d'Waasser net méi esou séier ka klammen. De Bagger ass awer eréischt am Februar 2023 gerullt an aktuell ass d'Strooss nach am Chantier. Déi realiséiert Aarbechte géinge sech awer scho positiv auswierken, fënnt de Buergermeeschter Vincent Reding.
 
"Also déi éischt positiv Resultater, déi mer elo iwwert déi lescht Woche gemierkt hunn, war virun allem bei deene villen Iwwerschwemmungen, déi mer hei am Land haten, dass mer gesinn, dass mer elo, wou mer hei d'Aarbechte gemaach hunn, vun der Verbreederung vun der Sir op sechs Meter an och un den Ouvragen hei geschafft hunn, dass effektiv Waasser elo net méi iwwert d'Strooss leeft an och déi meeschten Awunner, betraffe Residente kee Waasser méi am Keller haten."

RTL

© Marlène Clement

D'Renaturéierung ass awer net eleng eng Schutzmoossnam géint Héichwaasser, et geet och ëm d'Qualitéit vun de Gewässer.

"Also mir hunn eng grouss Parzell vu 50 Ar kaf, wou d'Gemeng och elo Proprietär ass, fir de Baachlaf an zwou S-Kéieren ze verleeden an esou d'Waasser eeben och natierlech mat der Natur ze bremsen an eng Win-win-Situatioun ze schafen, dass mer op där enger Säit dem Bierger hëllefen, awer op där anerer Säit och der ganzer Natur, der Flora, den Déieren, de Planzen d'Méiglechkeet ginn, sech hei op deene 50 Ar ze developpéieren."

Ënnert der opgerappter Strooss erkennt een nach zum Deel dat aalt Bëtonsbett vun der Sir, an deem sech Flora a Fauna schwéier gedoen hunn, well et ze enk war an ze wéineg Struktur hat, erkläert den Nicolas Sauvage vun der Waasserverwaltung.

"Parce qu 'il longeait le mur le long de la voirie et on lui a donné beaucoup plus d'espace dans la partie de rétention et ça permet d'apporter beaucoup de végétation et on y a inséré aussi, inclus de la structure dedans, comme des racines, des bois morts, pour permettre d'améliorer les caches à poissons et la viabilité de la faune aquatique dans le cours d'eau."
 
D'Käschte fir de ganze Projet, also d'Etüden an d'Aarbechte selwer, leie bei ongeféier 3,5 Milliounen Euro, dovunner ginn 3,2 Milliounen iwwer d'Subside vum Fong fir d'Waasserverwaltung finanzéiert.
 
Nach sinn d’Aarbechten amgaangen. Déi solle viraussiichtlech den nächste Summer ofgeschloss sinn.