De Parquet enquêtéiert géint e fréieren Direkter vum "Lëtzebuerger Kannerduerf". Hie kritt attentat à la pudeur virgehäit.

D’Direktioun vun der Fondatioun selwer huet d'Justiz am Mäerz saiséiert. Dat schreift den Onlinemagasinn "Reporter" an huet och RTL de Spriecher vun der Justiz confirméiert.

D'Faite leien iwwer 20 Joer zeréck.  De Verdächtege soll e Meedchen, wat deemools grad 18 Joer al gouf, sexuell harceléiert hunn. De Mann ass zanter 10 Joer an der Pensioun an huet bal 30 Joer laang d'Kannerduerf zu Miersch geleet. D'Meedche selwer hat zejoert eng Plainte gemaach, déi gouf awer klasséiert wéinst Verjärung.

Doriwwer eraus mellt Reporter, datt och d'Associatioun "Innocence en danger" de Parquet saiséiert, dat wéinst dem Verdacht, datt et nach weider jonk Affer gouf.