E Méindeg de Moie waren ënner anerem d'Kompetitivitéit an d'Klimapolitik Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Et muss ee Wirtschaft- a Klimapolitik matenee maachen. Dat Eent géint dat Anert dat fonctionéiert net." Dat sot de Premier Luc Frieden e Méindeg de Moien als eisen Invité vu der Redaktioun. Schonn an der Vergaangenheet huet de Luc Frieden betount, et misst een eng Klimapolitik maachen, déi "net nervt". Och e Méindeg bleift de Premier dobäi, et misst een d'Leit an d'Betriber um Wee a Richtung Klimaneutralitéit mathuelen. A fir se matzehuelen, muss ee se ënnerstëtzen an erklären, firwat ee Verschiddenes ëmsetzt. Et bräicht ee méi Gelder an der Fuerschung an et misst een och eng Deindustrialiséierung evitéieren. Dofir bräicht et steierlech Mesuren, fir dass d'Betriber kéinten an déi nei Technologien investéieren.

Kompetitivitéit a Klimaschutz mussen Hand an Hand goen

Eleng mat fräiwëllege Mesuren hätt een nach keng Klimaziler erreecht. Dorop äntwert de Luc Frieden, dass Lëtzebuerg mam Klimapakt bis ewell seng Ziler erreecht hätt. Op europäeschem Niveau wier dat méi schwiereg, mee dofir misst ee grad op EU-Niveau dofir suergen, dass Klimaschutz a Kompetitivitéit Hand an Hand ginn. Et géingen nämlech genuch Konkurrente ronderëm ginn: d'Amerikaner an d'Chinesen. Dofir misst een d'Industrie an Europa behalen an dozou gehéiert d'Vereinfachung vun de Reegelen an d'Verdéiwung vum Bannemaart, wat e risege Marché wier, deen nach net gutt genuch fonctionéiert. Et dierft een net ëmmer ofhängeg si vun de Chinesen an den Amerikaner. Hei géing et schliisslech och ëm Aarbechtsplaze goen.

Wat mer déi lescht Jore gemaach hunn, war gutt gemengt, mee einfach ze vill. Haut erstécken d'Betriber un där administrativer Laascht. Dass elo d'Omnibus-1-Gesetz op EU-Niveau gekippt gouf, géing hien dofir bedaueren. Well mat dem Sammel-Gesetz hätt een et de Betriber kënne méi einfach maachen. De Vott fir dëst Gesetz soll allerdéngs elo nach eemol am Plenum vum Parlament Mëtt November gemaach ginn. Ouni Vereinfach géing een d'Industrie an Europa futti maachen. Da géinge si an d'USA an an Asien goen.

Méi Suen an d'Defense, méi an de Klima: wéi soll déi Rechnung opgoen?

Kann déi Rechnung nach opgoen, wann ee weess, dass vill Suen an de Klimaschutz sollen a musse gestach ginn a gläichzäiteg de Budget fir d'Defense soll enorm an d'Luucht goen? Dorop äntwert de Premier, dass effektiv d'Suen, déi elo an d'Defense a méi global an d'Sécherheet (och am Cyber) gestach ginn, initial net virgesi waren. Weder europäesch, nach national. Dat wäert dozou féieren, dass een déi Suen zum Deel misst léine goen. Dofir wier de Premier och oppen, fir driwwer ze diskutéieren, ob een déi Suen net misst als Zort Verdeedegungs-Obligatiounen europawäit léinen. Quitt dass een temporär e bëssi méi Schold mécht, och wann ech dat net gären hunn, sou de Luc Frieden.

Hëllef fir d'Ukrain

Um EU-Sommet d'lescht Woch gouf och iwwer d'Ënnerstëtzung fir d'Ukrain geschwat. "Ech fannen et moralesch richteg, dass ee Geld vum Agressor gebraucht, fir deen deen attackéiert ginn ass, ze entschiedegen," sou de Premier. Mee et wier juristesch schwiereg. Virun e puer Woche war nach vu "Confiscatioun" rieds an deemools war de Lëtzebuerger Premier dogéint, dass duerch e politeschen Akt einfach Gelder beschlagnaamt ginn. Dat géing nämlech zu engem grousse Vertrauensverloscht an déi europäesch Finanzstabilitéit suergen. Dofir misst een elo dofir suergen, dass ee juristesch propper do steet an dass et net duerno zu grousse Prozesser kënnt. Op alle Fall wier kloer, dass een d'Ukrain misst ënnerstëtzten. Nom Sommet huet de Premier och un der Reunioun vun der "Coalition of the willing" Deel geholl, déi ugefouert gëtt vum Groussbritannien a Frankräich. Do wéilten eng Rei Länner och méi Waffen un d'Ukrain liwweren, sou de Premier.

Prioritéite fir déi nächst 3 Joer

A wat de Sozialdialog zu Lëtzebuerg ugeet, do sot de Regierungschef, dass en Desaccord um Pensiounsdossier net géing heeschen, dass zu Lëtzebuerg kee méi matenee schwätzt. Mir wäerten alles maachen, fir dass mer gutt matenee schwätzen, mee et muss een net ëmmer bei allem d'accord sinn.

Wat d'Projete vun der Regierung ugeet, do sot de Premier, dass ee gär bis Dezember d'Pensiounsreform géing stëmmen. Dat wier déi éischt Reform zanter 13 Joer. Dat wier net näischt, grad mat Bléck op Frankräich. Wat d'Santé ugeet, do misst een d'Gesondheetswiese moderniséiere mat méi Antenne baussent de Spideeler. Dat misst an de nächste sechs bis zwielef Méint geschéien. A punkto Logement hätt ee 40 Mesurë presentéiert an déi misst een esou séier wéi méiglech ëmsetzen, sou de Luc Frieden.

Invité vun der Redaktioun: Luc Frieden

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.