Am Kader vun engem Iwwerfall am Juli dëst Joer um Trëppelwee beim "Kuerbuttek" zu Péiteng sicht d'Police elo mat engem Phantombild no engem vun den Täter.

Méi genee war et de 25. Juli 2025 géint 11 Auer zu engem Iwwerfall net wäit vum "Centre Sportif Bim Diederich" komm. An deem Kontext sicht d'Police elo no Leit, déi de Mann um Phantombild erkennen.

All d'Informatiounen zu der Persoun um Phantombild, hirer Identitéit oder wou si sech ophale kéint, souwéi all aner Hiweis zu der Dot si fir d'Police Käerjeng/Péiteng ënnert der Nummer (+352) 244 56 1000 oder per Mail u police.BASCHARAGEPETANGE@police.etat.lu.