Claude Wiseler am Interview"Battersten Dag am politesche Liewen"

Den CSV-Spëtzekandidat vun de Chamberwale vum 14. Oktober mécht säin Häerz eng Grëtz op.

An engem ganz perséinlechen RTL-Interview huet de Claude Wiseler, CSV-Spëtzekandidat fir d'Chamberwale vum 14. Oktober, deen Dag als den, politesch gesinn, battersten a sengem Liewe beschriwwen. D'Resultat vu senger Partei wär eng grouss Enttäuschung gewiescht, dat kéint een net anescht soen, sot de Politiker. Woubäi et fir hien am schwéierste gewiescht wär, virun d'Militanten ze trieden, well hien deenen hir Enttäuschung gespiert an dat him am meeschte wéi gedoen huet. An de Stonnen, nodeems d'Walbüroen zougemaach haten, hätt hien e Mix vun de Gefiller duerchgemaach an hätte sech Hoffnung an Enttäuschung op e puer Stonne konzentréiert. Et wär him am spéiden Owend séier kloer gewiescht, dass keng Bereetschaft vun anere Parteie bestoung, fir mat der CSV ze diskutéieren.

Interview mam Claude Wiseler: Vum Eric Ewald



D'Decisiounen, wéi et mat him géif weidergoen, wären um Moien no de Walen nach méi kloer gewiescht wéi scho virdrun: Sou war et fir de Claude Wiseler, Zitat, "absolut evident, d'Fraktiounsspëtzt ofzeginn". Dass et - nodeems den Nationalrot hie gebieden hat, ze bleiwen, bis eng nei Regierung stéing - opgefall wär, dass dat géint seng Natur wär, erkläert de Claude Wiseler domat, dass hien net ëmmer e gudden Theaterspiller wär. Vum Prinzip hier hätt hien déi Opfuerderung awer richteg fonnt. Den Haaptgrond vun der Net-Victoire vun der CSV bei de Wale gesäit den Ex-Fraktiounschef doran, dass déi ondecidéiert Wieler net fir seng Partei gestëmmt hunn. Hien hätt dann och d'Responsabilitéit, fir seng Decisiounen an der Walcampagne iwwerholl, huet de Politiker betount.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.