Den Immobiliespezialist Jones Lang Lasalle huet dat en Dënschdeg de Moie matgedeelt.

D'Wunnengspräisser zu Lëtzebuerg klamme weider. Zejoert gouf et eng Hausse vu 7%, et ass domadder déi stäerksten Hausse zanter 10 Joer. Besonnesch d'Loyere fir Appartementer hu ferm ugezunn: +9,2% bannent engem Joer. Appartementer fir ze kafe sinn an der Moyenne 3,3% méi deier ginn, d'Haiser 3,4%. Bei der Locatioun vun den Haiser ass et „just“ eng Hausse vun 1,6%.

AUDIO: Immobiliemarché Jones Lang Lasalle - Reportage Carine Lemmer

An der Stad läit den duerchschnëttleche Metercarré-Präis fir en Appartement ze kafe bei 8'856 Euro. Iwwer Land sinn et knapp 6'000 Euro de Metercarré.

Et ginn, Jones Lang Lasalle no, 3 Haaptgrënn fir déi héich Präishaussen...d'Populatioun wiisst: 11'300 Leit sinn zejoert bäi komm. Et ginn net genuch nei Wunnengen...6'000 neier missten all Joer gebaut ginn, tatsächlech ginn der an der Moyenne awer just 2'600 all Joer fäerdeg gestallt. E weidere Grond sinn déi niddreg Zënsen.

Wat d'Bürosflächen ugeet, war 2018 en exzeptionellt Joer. 245'000 Metercarré Bürosfläch gëtt et hei am Land, dat ass neie Rekord. Vill nei Firme sinn zejoert op Lëtzebuerg komm, ënnert anerem duerch de Brexit.

Dem Lëtzebuerger Marché gëtt weider vertraut, d'Präisser sinn och nach manner héich wéi an aneren europäesche Stied.