Consultativ Mënscherechtskommissioun kritiséiert Liewenskonditiounen

© rtl.lu
D'Struktur sollt eng Alternativ zum Centre de retention sinn, wat se a Wierklechkeet awer net wier, well een tëscht owes 11 a moies 8 Auer net eraus dierf.
Allgemeng wier et net méiglech, hei ënner wierdege Konditiounen ze liewen. Dat ënnert anerem wéinst engem Manktem u Privatsphär, schlechter Hygiène an ze ville Leit op enkem Raum, sou d'CCDH.
Donieft wier dëst keng adequat Plaz fir Kanner. Notamment wier et an där Hal ouni Fënstere vill ze däischter, et wär ze vill Kaméidi an et géife keng Plaze ginn, wou d'Kanner och emol kéinte spillen, esou d'Kritik vun der Kommissioun. Dat géif dëse Kanner weider schueden, déi domat mussen eens ginn, datt si an engem frieme Land sinn an op hire Retour waarden.
D'Maison de retour ass geduecht fir Leit, déi fräiwëlleg an hir Heemecht zeréckginn. Der CCDH no wier dat awer kee wierklech fräie Choix. Ëmmerhin hätten d'Leit als eenzeg Alternativen, illegal am Land ze bleiwen, oder an de Prisong ze goen.
Déi consultativ Mënscherechtskommissioun fuerdert d'Regierung op, d'Maison de retour esou ze veränneren, datt d'Leit hei ënner mënschewierdege Konditioune kënne liewen. Donieft dierften esou provisoresch Solutiounen net permanent weider genotzt ginn.
De ganze Rapport vun der CCDH steet HEI.