Delhaize Lëtzebuerg rifft d'Muschele vun der Zort "Vénus blanche" zeréck.

Grond fir de Réckruff wier eng ze héich Konzentratioun vu "Lipophile-Gëftstoffer", heescht an engem Schreiwes.

Betraff vum Réckruff sinn d'Produite mat der EAN-Nummer 5400119568494 am mam Oflafdatum vum 14. Oktober 2025.