Nom déidlechen Accident den 1. September tëscht Nidderfeelen an Heischent ass elo bestätegt, datt et keng penal Suitten an där dramatescher Affär ginn.

Annerhallwen Mount nom déidlechen Accident méindes den 1. September tëscht Nidderfeelen an Heischent ass lo gewosst, datt et keng penal Suitten an där dramatescher Affär ginn. Op RTL-Nofro confirméiert de Parquet dës Nouvelle.

Beim trageschen Accident ware 5 Leit ëm d'Liewe komm, wéi op riichter Streck en Adapto-Minibus an en Auto mateneen kollidéiert waren, sou datt béid Gefierer Feier gefaangen haten.
 
Am Auto goufen et 3 jonk Affer iwwerdeem am Minibus de Chauffer an eng eeler Fra d'Frontal-Kollisioun net iwwerlieft hunn.

Wéi et vum Parquet heescht, konnt an Tëschenzäit d'Identitéit vun den 5 Doudesaffer eendeiteg op Basis vun den DNA-Expertise bestëmmt ginn, nodeem d'Läichen aus de verbrannten Autoen gebuerge goufen.
 
Um strofrechtlechem Plang kënnt et zu kenge Suitten, well jiddwereen, deen hypotheetesch kéint als deen a Fro kommen, dee Schold um Accident ass, net méi um Liewen ass.

Nom trageschen Accident gëtt iwwerdeem gepréift op e Streckeradar op der N15 tëscht dem Camping Fuussekaul an Nidderfeelen Sënn mécht. En attendant gouf op där Plaz e mobile Radar installéiert.