Manner Sëtz fir d'CSV an der Sonndesfro, méi Kannergeld fir d'Elteren am Land

© RTL Grafik
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
Lëtzebuerg huet en neie Grand-Duc
Wärend déi Info scho leschte Freideg op dëser Plaz aktuell war, ass et no der Diffusioun vum Video awer richteg lass gaangen. Grouss Feierlechkeeten an e Gala-Diner um Freideg, en Tour duerch d'Land mat villen Iwwerraschungen esou wéi engem grousse Concert e Samschdeg an den TeDeum um Sonndeg. All d'Impressioune fannt der an eise Fotosgalerien an all d'News an eisem Dossier. Dir kënnt awer och iwwer eise Liveticker de ganze Weekend nach eng Kéier Revue passéiere loossen.
CSV léist Plommen, bleift awer stäerkste Kraaft
D'Resultater vun der Sonndesfro si kloer: D'CSV verléiert 4 Sëtz, bleift awer déi stäerkste Kraaft am Lëtzebuerger Parlament. Notznéiser vun der Situatioun sinn d'LSAP an d'ADR, déi béid zwee Sëtz bäikréien. D'CEO-Method vum Luc Frieden, fir Decisiounen ze huelen, ouni an Accord mat de Gespréichspartner ze fannen, kënnt bei de Leit net gutt un. An dat gesinn d'Deputéiert vun der Oppositioun ganz änlech.
Keng politesch Dot
D'Messerattack op déi nei gewielte Buergermeeschtesch vun Herdecke war e Familljendrama an hat kee politeschen Hannergrond. Dovunner ginn d'Ermëttler aus, nodeem si mat der 17 Joer jonker Duechter vun der Iris Stalzer geschwat hunn, déi wuel zouginn huet, hir Mamm attackéiert a schwéier blesséiert ze hunn.
Uerg Kritik u Schoulpolitik
"Den Här Meisch ass amgaangen, eise ganze Schoulsystem, sou wéi mir e kennen, ze zerstéieren", huet de Fred Keup vun der ADR gesot an nach betount, datt een d'Politik vum Här Meisch "stoppe muss". D'Oppositiounspartei kritiséiert, datt keng normal Lycéeën, mä just nach international Schoule gebaut ginn an d'Alphabetiséierung op franséisch ass dem Fred Keup och den Dar am A.
An der Pensioun op d'Rees goen
Vill Leit profitéiere vun der Pensioun, fir e bëssen op d'Rees ze goen an d'Welt ze gesinn. Net anescht mécht dat och de Grand-Duc Henri. De fréiere Staatschef huet um Welcome-Dinner vun der Luxembourg Ladies Tennis Masters eben annoncéiert, datt hie mat senger Fra d'Land fir eng Zäit verléisst: "Muer huele mir den Auto a fuere fir eng Zäit fort. Ech hoffen, Dir verstitt dat."
Vun Israel festgeholl an dono ausgewisen
Israel hat verschidde Booter vun der Global Sumud Flotilla gestoppt, an den Hafe geschleeft an den Equipage u Bord festgeholl. Dorënner war och d'Lëtzebuergerin Nora Rosa Fellens Huberty, déi als éischt an e Prisong koumen an dono aus Israel ausgewise goufen. Op enger Pressekonferenz huet d'Aktivistin du vun hirem Wee erzielt an och matgedeelt, datt si net wäert ophalen, "esoulaang Gaza net fräi ass".
Hamas gëtt bekannt: Gaza-Krich ass eriwwer
D'Member vun der radikalislamistescher Hamas a Vertrieder vun Israel konnte sech op eng Wafferou, déi um Friddensplang vum US-President Donald Trump baséiert, eenegen. Deemno sollen d'Grenzen zu Gaza fir Hëllefsgidder opgoen, d'Geisele fräikommen an déi israeelesch Truppe sech zeréckzéien.
Méi Hëllef fir d'Pensionären an Hausse vum Kannergeld
Dat huet de Familljeminister Max Hahn e Freideg an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" annoncéiert. Kannergeld soll nämlech allgemeng an d'Luucht goen an d'Pensionären, déi riskéieren, an d'Aarmut ze falen, sollen och gehollef kréien. An zwee Méint soll de Projet duerch de Regierungsrot goen.
En Dag, fir si ze feieren
An dann nach zum Ofschloss: Haut ass de Weltmuppendag. Et ass also de richtegen Ament eis trei Begleeder, flauscheg Frënn a kleng Alldagshelden ze feieren an hinne vläicht e besonnesche Leckerli oder eng Extra-Ronn Spadséieren ofréieren.