E Freideg de Moie war d'Aarmut zu Lëtzebuerg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

A ronn zwee Méint soll den annoncéierten nationalen Aarmutsplang duerch de Regierungsrot goen an do wäerten och nei Mesuren dra sinn, dat sot e Freideg de Moien den DP-Familljeminister Max Hahn als eisen Invité vun der Redaktioun. D'Regierung géif ressortiwwergräifend un der Aarmutsbekämpfung schaffen. All d'Leit, déi gefaart hunn, datt et mat Schwaarz-Blo zu Aschnëtter an der Sozialpolitik kënnt, géife gesinn, datt "genee de Contraire de Fall ass".

Nach ass et sou, datt net méi spéit wéi en Donneschdeg d'Salariatskammer an hirem neiste Sozialpanorama festgestallt huet, datt d'Ongläichheeten zu Lëtzebuerg weider an d'Luucht ginn, Lëtzebuerg deen héchsten Taux u "working poor" hätt an alles an allem eng Persoun vu siwen dem Aarmutsrisiko hei am Land ausgesat ass. Derbäi kënnt, datt och all véiert Kand am Grand-Duché an Aarmut lieft.

De Max Hahn huet e Freideg de Moien opgezielt, wat d'Regierung an de leschten 22 Méint ëmgesat huet, fir de Leit ënnert d'Äerm ze gräifen. Et hätt een duerfir och net op den Aarmutsplang gewaart, mä direkt gehandelt. An et géifen och nei Hëllefe kommen.

"Selbstverständlech wäerten am Aktiounsplang géint d'Aarmut nei Mesurë kommen"


Engersäits fir eeler Leit. Do huet de Familljeminister e Freideg de Moien annoncéiert, datt vum 1. Januar un Pensionären "bis zu engem Akommes vun 4.200 Euro" finanziell ënnert d'Äerm gegraff kréien, fir sech en Zëmmer an engem Heem ze leeschten. Am Budgetsprojet fir dat anert Joer sinn 12 Milliounen Euro virgesinn, wéi ee beim Finanzministère liese kann, fir de Complement an d'Luucht ze setzen. Den deementspriechende Gesetzprojet ass dëst Joer duerch d'Chamber gaangen.

Eng Hausse vun der Mindestrent dogéint, sot de liberale Politiker, wier fir hie keng Aarmutsbekämpfung, well dovunner och Persounen eppes hätten, déi et duerch hir Familljesituatioun net bräichten. Allgemeng solle Stéit mat Pensionären zousätzlech ënnerstëtzt gi vum anere Joer un, fir net an d'Aarmut ze rëtschen. Méi konkret ass de Max Hahn do nach net ginn.

An anerersäits wëll d'Regierung geziilt fir Familljen eppes maachen. D’Kannergeld soll allgemeng an d’Luucht goen. An et soll eng cibléiert Hëllef agefouert ginn fir Familljen aus prekäre Verhältnisser. En Timing huet de Minister do och net genannt.

"Aarmutsbekämpfung ass vill méi vast wéi de Mindestloun an d'Luucht setzen"

Eng strukturell Hausse vum Mindestloun, wéi se ënnert anerem vun den Acteuren aus dem Sozialsecteur scho laang gefuerdert gëtt, ass fir Schwaarz-Blo nach ëmmer keng Optioun. Aarmut géif een net nëmmen domadder bekämpfen, sou de Max Hahn um Freideg de Moien op RTL Radio Lëtzebuerg. Do géif et ganz aner Piste ginn. A virun allem géif et drëms goen, fir ze kucken, datt d'Aide wierklech bei de Leit ukommen, déi se ze gutt hunn. Do hätt hien op den 1. Januar dëst Joer scho beispillsweis agefouert, datt 11.000 Stéit d'Deierechtszoulag an d'Energieprimm automatesch ausbezuelt kruten. Mat der Aféierung vum sougenannte "guichet unique social" soll op deem Punkt nach méi geschéien.

D'Regierung um Aarmutsplang moossen

Fir den nationalen Aktiounsplang hätt ee mat den Acteure vum Terrain a mat Betraffene selwer diskutéiert, huet de Max Hahn dann nach betount. D'Regierung géif sech dëse Plang och eppes kaschte loossen a géif sech gär dorunner moosse loossen.

Invité vun der Redaktioun: Max Hahn

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.