D'Gewerkschaften OGBL an LCGB hunn haut en neie Kollektivvertrag mat den 19 Süd-Gemengen ënnerschriwwen.

Domat ginn ënnert anerem d'Paien an d'Luucht, et gëtt dëst an d'nächst Joer eng Primm an d'Permanencë wäerten no an no besser remuneréiert ginn. Dëse Kollektivvertrag gëllt elo fir 3 Joer a concernéiert eng 4.300 Salariéen.