Och elo e Problem fir de Bausecteur
De Premier Xavier Bettel war e Méindeg zesummen mam Inneminister Dan Kersch op déi Plaz, wou den Äerdrutsch e leschten Donneschdeg Owend war.
De Buedem war en Donneschdeg den Owend aus nach net gekläerte Grënn gerëtscht. Vum Schlakentipp zu Monnerech niewendru koum de Bierg - "an huet déi ganz Strooss eriwwergedréckt", esou de Chef d'intervention vun den Escher Pompjeeën, de Guy Bernar, um Freideg de Moien am RTL-Interview. D'Escher Pompjeeë ware mat op der Plaz an hunn nach um 4 Auer festgestallt, datt de Buedem nach ëmmer nogedréckt huet.
Automobilisten haten um Donneschdeg géint 21.30 Auer gemellt, datt d'Strooss sou futti wier, datt een net méi drop fuere kéint. De Belag war gebascht an eng Rei Beem nieft der Strooss waren ëmgefall respektiv ofgebrach. Dobäi koum, datt en Héichspannungsmast nieft der Autobunn riskéiert huet ëmzefalen.
D'Strooss huet missten tëscht der Sortie Esch/Schëffleng an der Opfaart fir op d'Collectrice a béid Richtunge gespaart ginn, fir duerno ze kucken.
Op der Plaz waren net nëmme Vertrieder vun den zoustännege Servicer aus de Gemengen, mä och vun der Post, dem Gaswierk, Ponts et chaussées, d'Pompjeeën an d'Police.
Et ass kee blesséiert ginn. Mä e Camion, deen op der Plaz geparkt war, gouf beschiedegt.
D'Onglécksplaz ass déi ganz Nuecht iwwer geséchert ginn an d'Leit vun der SOTEL hunn de Stroummast am A behalen.
D’Escher Autobunn war bis kuerz virun 7.30 Auer tëscht der Sortie Esch Zentrum-Schëffleng an der Opfaart fir op d'A13 gespaart. D'Bretelle vun der A13 op d'A4 ass awer nees op, genee esou wéi d'A4 op der Héicht Esch/Schëffleng.
Statiker waren entretemps op der Plaz, fir sech alles unzekucken. D'Buergermeeschter vun Esch a Monnerech si mam Inneminister an de concernéierte Servicer zesumme komm, fir ze kucken, wéi et soll weidergoen. D'Sécherheet keim op éischter Plaz. Dofir sollten d'Leit d'Plaz evitéieren an och net op de Site virwëtze goen, d'Situatioun bleift weider geféierlech.
D'Grënn fir den Äerdrutsch sinn den Ament nach net bekannt. RTL-Informatiounen no sollt de Schlakentipp Enn des Jores seng Maximalkapazitéit erreechen an d'Bedreiwer hätten och schonn eng Demande gemaach, fir d'Deponie ze erweideren.
De Premier war op der Plaz
De Premier Xavier Bettel war e Méindeg zesumme mam Inneminister Dan Kersch op déi Plaz, wou den Äerdrutsch e leschten Donneschdeg Owend war. De Schued an der Escher Strooss tëscht Esch-Lalleng an Monnerech ass grouss, an et ginn nach ëmmer eng ganz Partie Problemer mat Telefonsleitungen an Internet.
  
 Et gëllt op deem Site selwer a ronderëm, d'Sécherheet weider ze garantéieren, esou d'Häre Bettel a Kersch um Méindeg. 
 Den Ament ginn Analysen gemaach, fir duerno iwwer weider Schrëtt decidéieren ze kënnen, an och eventuell Risiken besser ze geréieren. 
 D'Regierung ënnerstëtzt déi lokal Autoritéiten dofir an alleguerten den Demarchen déi se dofir ënnerhuele mussen.
D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch halen dann um Dënschdeg och nach ee Point Presse iwwer deen Äerdrutsch, méi genee zum Sujet Bauschuttdeponie zu Monnerech. Do sollen d'Ministerinnen iwwert den eventuellen Impakt vun deem Tëschefall op d'Ëmwelt an op d'Gesondheet vun de Leit informéieren.
K O N S E Q U E N Z E N
Schülertransport suppriméiert
Wéinst dem Äerdrutsch op der Deponie zu Monnerech ginn et och um Méindeg nach ëmmer Problemer mam Telefon a groussen Deeler vun der Gemeng.
D’Monnercher Gemeng deelt donieft mar, datt déi 4 Busarrêten «Blumenstrooss», «op der Kopp», «Cité Steichen» an «Dirbett» fir d’Schüler, déi op Esch an de Lycée ginn, bis e Freideg nach mat net vum reguläre Schülertransport desservéiert kënne ginn.
Dowéinst huet d’Gemeng eng blo Gemengecamionette organiséiert, déi déi Jugendlech asammele fiert an op de Busarrêt «Musekssall» (28, rue d’Esch zu Monnerech) bréngt, fir datt se do den normale Schülertransport huele kënnen.
D’Navette vun de Gemeng fiert um 7.00 Auer, um 7.15 Auer an um 7.30 Auer.
Centre d’éducation différenciée bleift zou
Den Transportministère deelt um Freideg de Moie mat, datt de Centre d’éducation différenciée an der Monnerecherstrooss wéinst dem Äerdrutsch net accessibel ass. D’Schoul bleift fir eng onbestëmmten Zäit zou. Deen Unterrecht gëtt elo un an der Lallenger Grondschoul gemaach.
D'Buergermeeschtesch vun Esch, Vera Spautz, geet dovunner aus, datt d'Strooss och nach eng Zäitche wäert gespaart bleiwen. Den Impakt op de Verkéier wäert virun allem a Stousszäite grouss sinn.
Monnerech: Iwwerstonnen!
Zu Monnerech schaffen alleguerten d'Servicer Iwwerstonnen, fir d'Problemer nom Äerdrutsch ze léisen. D'Post probéiert den Ament, d'Telefonsleitungen ze reparéieren. Dee Moment dierft och den Téléalarm geschwënn rëm goen. D'Gemeng Monnerech deelt och mat, datt am Laf vum Owend d'Servicer vun der Eltrona, also Tëlee an Internet rëm dierfte funktionéieren.
Wat den ëffentlechen Transport ugeet, huet d'Gemeng an all concernéiert Bushaischen een amenagéierte Fuerplang ausgehaangen. Zesumme mat der RGTR konnten alleguerten déi concernéiert Buslinnen deviéiert ginn. Am Laf vum Weekend wäert een och nach eng Léisung fir d'Lycée-Schüler fir op Esch fannen. Fir e Samschdeg de Mëtteg hätt all Stot e Communiqué an der Boîte, huet d'Buergermeeschtesch Christine Schweich matgedeelt.
An dann ass et nach den Opruff, fir net op de Site virwëtzen ze goen. Weider Informatioune ginn et de ganze Weekend iwwer um Site vun der Gemeng, op www.mondercange.lu.
Problem fir de Bausecteur
Den Äerdrutsch an déi domadder verbonne Fermeture vun der Bauschuttdeponie zu Monnerech hu gréisser Konsequenzen fir de Bausecteur.  Zanter Joerzéngten kritiséiert de Secteur, datt et net genuch Bauschuttdeponien zu Lëtzebuerg gëtt. Ma zanter dem Tëschefall gëtt et carrément keng méi am Süden. Dat heescht, datt ronn 500 Camionen den Dag sech elo musse eng aner Plaz sichen fir hiren Dreck lass ze ginn. Dat sinn ëmmerhinn 10-12.000 Tonnen den Dag. An dat ass guer net sou einfach hei am Land, sou de Christian Thiry vun der Baufirma Karp-Kneip. An de leschte Joren hunn der an der Moyenne 7 bis 8 funktionéiert. Dem Bausecteur no wieren der awer 15 néideg.
Eng einfach Alternative wier déi fréier Decharge "Gadderscheier" zu Suessem. De Site ass, dem Christian Thiry no gutt ugebonnen, gutt equipéiert an d'Kommodo-Prozedur misst just nach accordéiert ginn, fir kënnen unzefänken. A wéi wäit d'Regierung dës Alternative an d'A faasst, wësse mer net. Bis elo konnte mer nach keen fir eng Reaktioun areechen. 
De Bureau vun der Ëmweltministesch verweist op e Point-Presse um Dënschdeg am fréien Nomëtteg op der Plaz.
Communiqué (14.03.2014)
Glissement de terrain à la décharge pour déchets inertes à Mondercange (13.03.2014)
Dans la soirée du 13 mars 2014, des glissements de terrain ont été constatés du côté Ouest de la décharge pour déchets inertes de Mondercange.
Ces glissements ont provoqué la destruction d’une partie de la rue d’Esch allant d’Esch-Lallange vers Mondercange ainsi que de diverses infrastructures d’approvisionnement et de communication. Toutefois, l’envergure exacte des dommages est encore en cours d’investigation.
Pour le moment, la cause exacte du glissement reste inconnue. Afin de déterminer si les glissements sont toujours actifs, toutes les dispositions ont été prises pour mettre en place dans les plus brefs délais un système de surveillance et de contrôle des mouvements de terrain.
À l’immédiat, la ministre de l’Environnement a suspendu toute exploitation sur la décharge et a ordonné des mesures de sécurisation à court terme ainsi que l’élaboration d’un plan d’assainissement et de réparation.
La décharge pour déchets inertes de Mondercange a été autorisée en 2007 en vertu de la législation relative aux établissements classés et de la loi relative aux déchets. L’Administration de l'environnement a effectué des contrôles réguliers sur place pour vérifier la conformité de la gestion de la décharge. Par ailleurs, le modelage de la décharge a été régulièrement contrôlé dans le cadre de la détermination de sa capacité restante.
Communiqué par le ministère du Développement durable et des Infrastructures
D'Gemengen Esch a Monnerech deele mat:
Glissement de terrain entre Esch-sur-Alzette et Mondercange :
route coupée et danger pour piétons dans la zone du sinistre
Suite au glissement de terrain qui a eu lieu dans la nuit de jeudi à vendredi, la Ville d’Esch-sur-Alzette et la Commune de Mondercange informent le public que la route CR 106 entre Esch et Mondercange restera fermée pour une durée indéterminée. Les bourgmestres des deux communes lancent également un appel aux piétons et badauds de ne pas s’aventurer sur les lieux du sinistre car il existe un réel risque de nouveaux éboulements dans la zone concernée.
Les administrations communales d’Esch-sur-Alzette et de Mondercange vont établir un règlement spécial de police pour la zone concernée. Ce règlement portera sur les accès des pistes cyclables et des zones récréatives des environs et dressera également un périmètre de sécurité. En attentant, les autorités des deux localités lancent un appel aux éventuels badauds que la zone n’est pas stabilisée et que de nouveaux éboulements peuvent se produire à tout moment dans toute la zone de la décharge pour déchets inertes, dont l’accès est strictement interdit à toute personne non autorisée.
Des analyses pour déterminer la stabilité du sol et pour établir les démarches futures sont en cours.
La Ville d’Esch-sur-Alzette et le Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse tiennent par ailleurs à informer que l’établissement scolaire de l’éducation différenciée (EDIFF) dans la rue de Mondercange restera également fermé pour une durée indéterminée. Le fonctionnement de l’éducation différenciée sera assuré dans les locaux de l’école fondamentale de Lallange.
 
                     
                     
                     
                    