Monnerech                            
                            Juristesch Schrëtt géint Asphaltfabrik um Monkeler
 
                    No Esch a Schëffleng leet och Monnerech juristesch Schrëtt a géint d’Decisioun vum Ëmweltministère, um Monkeler eng Asphalt-Fabréck z'autoriséieren.
Den Dossier läit de Moment beim Affekot vun der Gemeng, déi elo kuckt, wéi eng Schrëtt néideg sinn. D'Christine Schweich, Buergermeeschtesch vu Monnerech, seet, datt de ganzen Arrêté analyséiert gëtt an datt prozedural Feeler dra wieren.
AUDIO: Monkeler: Christine Schweich
    D'Oppositioun vertrëtt och eng kloer Richtung. De Jeannot Fürpass vun der CSV mengt, datt den Dossier verschlof gi wier.
AUDIO: Monkeler: Jeannot Fürpass
    Den Dossier géif op näischt erauslafen a géif just nach Fraise kaschten, esou den Jeannot Fürpass weider.
                            Am meeschte gelies
                    
    
         
                     
                     
                     
                    