Belval1.400 Leit wunnen do, 4.000 Leit schaffen do, 150 Betriber

10 Joer sinn et hier, datt um Belval ugefaang gouf, d'Industriefrichen nei z'amenagéieren.

D'Entwécklungsgesellschaft AGORA wollt weisen  wéi wäit a wéi dynamesch de Site an Tëschenzäit ass. Bis elo wunnen 1.400 Leit um Belval, 4.000 Mënsche schaffen all Dag do an eng 150 Entreprisen, Geschäfter an Institutiounen hu sech do néiergelooss.

An där kommen nach dobäi. Den Ament ginn et 93.000 Metercarré Büroen, wann déi Gebaier bis fäerdeg sinn, un deenen den Ament nach geschafft gëtt, klëmmt dee Chiffer op ronn 125.000.

Ënnert deene Gebaier, déi bei kommen, ass zum Beispill eent vun 10.000 Metercarré, an deem Ketter-Thill sech installéiert an dann am Mäerz dat anert Joer en neie Labo opmécht, an deem 80 Leit schaffen. Iwwerhaapt steet d'Biomedezin an deem Gebai am Mëttelpunkt, do dran ass nämlech och nach e Fuerschungsprojet vun der Uni Lëtzebuerg.

De Belval wiisst awer och weider als Plaz fir ze wunnen. Bannent 6 Joer si 550 Wunnunitéite gebaut ginn an elo plangt Agora de Quartier Belval-Sud, wou virop Famillen en Doheem solle fannen.

Um Belval sollen d'Leit awer och net mussen op Gréngfläche verzichten an dofir geet deemnächst e Park mat enger Promenade op. Déi Promenade verbënnt dann d'Gemeng Suessem, de Belval an Esch mateeneen, sou datt de Belval keng isoléiert Insel méi ass, ënnersträicht Agora.