Meenungsfräiheet ass "schreiwe wat ee wëll", mee och "geäntwert kréien"
En Donneschdeg de Moie war d'Politik vun déi Gréng Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Den DP-Deputéierte Gérard Schockmel gëtt vill kritiséiert, och vun déi Gréng. Net well hien dogéint ass, d’Ofdreiwung als Recht oder Fräiheet an d’Verfassung anzeschreiwen, mee wéinst sengem "Rundumschlag" géint d'Fraen an de Feminismus, esou déi gréng Deputéiert Sam Tanson en Donneschdeg de Moien hei op RTL.
D’Sam Tanson kann novollzéien, "gutt verstoen", datt ee beim Avortement eng aner Meenung huet. Et wier e sensibele Sujet, wou sech vill ethesch Froe stellen a jidderee sech no guddem Wëssen a Gewësse kéint positionéieren. Wat si kritiséiert, ass d’Duerstellung, datt Feminismus d’Männer géing "monddout" maachen.
D’gréng Deputéiert huet d’Reaktioun vum Yuriko Backes, Ministesch a Parteikolleegin vum Gérard Schockmel, gelueft. An zwar datt Feminismus néideg ass, fir gesellschaftlechen Desequiliberen entgéintzewierken. D’Fraen hätten nach ëmmer manner Rechter ewéi d’Männer a wieren nach ëmmer manner visibel, sou d’Sam Tanson.
Déi gréng Deputéiert huet och festgestallt, datt d'"verbal Oprüstung" besonnesch vun deene Leit kéim, déi géint den Avortement an der Verfassung sinn. Si huet de Kardinol Jean-Claude Hollerich als Beispill genannt, dee bei eis vun Totalitarismus geschwat hat. Datt hien an elo och de Gérard Schockmel kritiséiert ginn, dat wier fir d’Sam Tanson keng Menace fir d’Meenungsfräiheet.
Och net wann d'JIF (journées internationales des femmes) kritiséiert huet, datt d'Wort den anti-feministeschen Artikel publizéiert. No engem Rundumschlag géint Frae wier et nëmmen "normal", datt ee vun de Frae geäntwert kritt. Och dat wier Meenungsfräiheet, esou d’gréng Deputéiert.
Limitéiert Untersuchungshaft, mee bei Verdacht vu Gewalt kee Suergerecht an Droit de visite méi
Am Interview huet d’Sam Tanson och zwou Gesetzespropose vun hirer Partei am Beräich vun der Justiz erkläert. Engersäits proposéiert d’viregt Justizministesch, datt d'Durée vun der Untersuchungshaft zäitlech limitéiert gëtt. Esou ewéi a Frankräich op maximal 4 Méint. Dat wier eng Fuerderung vum Kontroller vun de Prisongen a vun internationalen Organisatiounen. Och wann et ëmmer d’Méiglechkeet gëtt, eng Mise en liberté provisoire unzefroen, esou wier et wichteg, datt ee weess ewéi laang ee kann an Untersuchungshaft sinn. De Fräiheetsentzuch wier en "extremen Agrëff". Bei der détention provisoire wier ee jo och nach ënner présomption d’innocence.
Méi streng wëllen déi Gréng dann awer sinn, wann et ëm d’Suergerecht vu Kanner geet oder ëm d'Recht op Visitten. Dat ass eng Reaktioun op e rezente Fall bei deem e Papp, dee seng Duechter sexuell mëssbraucht huet, jorelaang bis zu sengem Urteel seng Duechter konnt gesinn. D’Sam Tanson sot, wann eng Persoun Gewalt géint hire Partner oder hiert Kand ausgeüübt huet, en "Automatismus" spille géing, fir d’Affer ze schützen. Op d'Remark, datt an deem Fall awer e Verdächtegen och ënner Présomption d’innocence scho viru engem Urteel bestrooft géif, huet si geäntwert, datt dat net "definitiv" wier an de Verdächtegen d’Recht kéint zeréckkréien.
D’Propos fir d'Untersuchungshaft ze limitéieren, huet d’Majoritéit e Mëttwoch an der Chamber scho prinzipiell verworf. D’Sam Tanson wënscht sech bei hiren zwou Propositiounen eng Diskussioun an eng "konstruktiv Approche", fir ze kucken, ob "de System nach ugepasst" wier. Si huet drop higewisen, datt si als Ministesch zwou Gesetzpropositioune vun der CSV ënnerstëtzt hat.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.