Géint 8 Auer en Dënschdeg de Moien sinn d'Pompjeeë vu Péiteng geruff ginn, well et an enger Déifgarage zu Péiteng e Rouerbroch gouf.

An engem Neibau war e Rouer gebrach an d'Waasser hat iwwer Nuecht déi ganz Garage iwwerschwemmt. D'Pompjeeën hunn zesumme mam Péitenger Waasseramt Pompelen dohinner gesat, fir d'Garage eidel ze pompelen. De ganzen Asaz an der Bommertstrooss huet sech iwwer e puer Stonne gezunn.