Grouss Botz zu Dikrech - Paakt och dir eng Hand mat un

Verpackunge gi matt am Meeschte bei der Grousser Botz agesammelt. / © Ilana Joseph
Fir d’Gemenge steet am Fréijoer schonn ee bal traditionellen Event um Agenda: d’Grouss Botz.
Ronn 1,6 kg Dreck pro Kapp[1] gëtt all Joers an deem Kader duerch d’Land opgeraf. Eng beonrouegt Zuel, déi d’Realitéit erëmspigelt, erzielt de Réné Quintus, Organisateur vun der grousser Botz zu Dikrech.
Eng Camionnette voll Dreck, deen op der Strooss opgesammelt gouf. Nach all Joers war dat de Bilan vun der grousser Botz zu Dikrech. Och de Weekend vum 16. Mäerz ass den Dikrecher Fëscherclub mat senge Benevollen ënnerwee, fir d’Sauer vu béide Säiten, wéi och d’Stad Dikrech ze botzen. Domat setze si en Zeeche géint de sougenannte "Littering".
Ongeféier 40 Fräiwëlleger versammele sech all Joers Mëtt Mäerz, fir vun Ettelbréck bis op Wallenduerf den Dreck vun deenen opzerafen, déi en do gewollt oder ongewollt leie gelooss hunn. Am Meeschte fënnt een do Verpackungen, erkläert den Organisateur. Virun allem géing ee ronderëm engem Fastfood Restaurant ëmmer nees op Plastiksfläschen, Béchsen a Pabeiertute stoussen. An domadder ass Dikrech net eleng ; bei iwwer 55% vum Dreck, deen am Kader vu Botzaktiounen am Land agesammelt gëtt, handelt et sech em Verpackungsmaterial[1]. Nieft dem normale Dreck ewéi Zigarettestëmp, Pabeiernuesschnappecher a Knätsch, fënnt een awer och munchmol méi abstrus Saachen, erzielt de René Quintus. E Caddie, Pneuen an e Frigo wieren och schonn dobäi gewiescht.

Virun allem op de Stroossesäite fënnt ee vill Dreck. / © Ilana Joseph
Ween de 16. Mäerz zu Dikrech eng Hand mat wëll upaken, ka sech nach bis e Mëttwoch den 13. Mäerz beim Herr Quintus mellen. D’Fräiwëlleger gi mat engem Croissant a Kaffi begréisst. Nom Schaffe gëtt et dann e wuelverdéngt Mëttegiessen.
[1]Environnement.public.lu
Dësen Artikel ass geschriwwe ginn am Kader vun engem Workshop vum LCD BTS 'Media Writing', den 8. Mäerz 2024.