Et kéint eng nei Generatioun un Nikotinofhängege ginn

© AFP
Eng Substanz, déi berouegt, konzentréiert a gläichzäiteg zerstéiert: Nikotin bleift eng vun de geféierlechste mee och gesellschaftlech normaalsten Drogen.
An engems fënnt d’Substanz ëmmer nei Weeër, fir bei déi Jonk ze kommen. Nikotin kritt een an den ënnerschiddlechste Formen: als Zigaretten, Vapes oder eben och als Nikotin-Pouches, och "Snus" genannt. E klenge wäisse Sachet, deen ee sech ënner d‘Lëps stécht. Diskret, ouni Damp, ouni Geroch mee mat engem héije Suchtpotenzial an deelweis 10 mol esou vill Nikotin wéi an enger Zigarett. Dofir huet d‘CNEL, déi national Schülerkonferenz, eng Ëmfro iwwert de Konsum vum Snus lancéiert a fuerdert politesch a pedagogesch Reaktiounen.
Tëscht Mee a Juli huet d’Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg, kuerz CNEL, eng landeswäit Ëmfro an de Lycéeë gemaach. Ronn 1.000 Schüler hu matgemaach, an d’Resultater si kloer: all Fënneften huet scho Snus probéiert an zwee Drëttel konsuméiere reegelméisseg, deelweis all Dag. D’CNEL gesäit doranner eng alarmant Entwécklung, well ëmmer méi jonk Schüler – verschiddener scho virum 14. Liewensjoer – domat a Kontakt kommen.
Snus ass einfach ze kréien a gëtt ëmmer méi gesellschaftlech akzeptéiert, bedauert de Semir Honsic, Vizepresident vun der CNEL.
"Mir lafe wierklech d‘Gefor, datt déi Zuel op 30/40/50% erhéije wa mir dat elo sou loosse wéi et ass. Dofir ass et wichteg, datt mir elo definitiv dorop reagéieren. Perséinlech fannen ech et och wierklech erschreckend wann ee kuckt, firwat d‘Leit ufänken. Virwëtz ass eng schéi Charakteristik, mee net all Virwëtz muss een nogoen. A scho guer net bei esou Saachen. Also et muss ee sech wierklech Gedanke maachen, wann ech mengem Virwëtz wëll nogoen, wat heescht dat fir mech, wat heescht dat fir meng Gesondheet wann ech elo dem Virwëtz noginn, wat heescht dat wierklech op mid-term op long-term."

© Chris Meisch
D’Grënn fir d‘Consommatioun si ganz ënnerschiddlech: Virwëtz, sozial Akzeptanz, den dacks frëschen an agreabele Goût, de sougenannten Nikotin-Kick, oder och d’Iwwerzeegung, datt et eng méi gesond Alternativ zur Zigarett wier.
Mee genee do läit de Problem: Snus gëtt iwwer d‘Schläimhaut opgeholl – dat heescht, den Nikotin wierkt méi séier an och méi intensiv. A mat Dosagen, déi alt bis zu zéngmol méi héich si wéi bei enger Zigarett, ass de Risk vun enger Ofhängegkeet immens héich.
"Ech mengen, wa mir op Hisiicht kucke vun Zigaretten, E-Zigaretten, ass de Snus aus der Siicht vum Konsument, genial. Well e weeder Geroch hannerléisst, de Konsum ass ganz diskret, et ka souguer matzen an der Schoul, wärend dem Kuer consomméiert ginn an dat ass och gutt fir de Konsument, well e sech domat keng Problemer mécht, e muss sech net iergendwou zréckzéie fir ze consomméieren, et kann een et direkt a vun iwwerall aus consomméieren."
Bal 40 Prozent vun de jonke Konsumenten hunn nach ni driwwer nogeduecht, opzehalen. Fir vill ass et eng Gewunnecht ginn, oder souguer e Wee, mat Stress oder Emotiounen ëmzegoen. Déi Jonk wieren net anstänneg genuch driwwer opgekläert, heescht et vun der CNEL. Vill wéissten net, datt Snus d’Zännfleesch an d'Schläimhaut ugräift an datt et engem kann dronken a schlecht dovu ginn.
"An dat ass och schued, dat ass net just d‘Schold vun de Jonken. Jonk Leit wëssen et dacks net besser, an do kënne mir net einfach vun esou Leit profitéieren, dass mir soen: 'ok mir maache si zu Konsumenten.' Nee, mir missten et genau ëmgedréint maachen, mir missten do wierklech staark preventiv Aarbecht maachen an d'Leit opklären doriwwer. Hei geet et net ëm eng politesch Motivatioun, hei geet et ëm de Schutz vu jonke Leit. Jonk Leit si wierklech d‘Zukunft vun eisem Land a wa mir net probéieren, déi ze schützen, da kënne mir och net veräntweren, datt si an Zukunft op eng Schinn geroden, déi net gutt ass fir si."
Am Kader vun der Reform vum Tubaksgesetz fuerdert d’Schülerkonferenz, datt Nikotin-Pouches kloer gereegelt an de Verkaf u Mannerjäreger verbueden, respektiv besser kontrolléiert gëtt.
Aus der Ëmfro ass och ervirgaangen, datt en Drëttel vun de Konsumenten eng Ofhängegkeet empfannen. D'CNEL warnt, datt et zu enger neier Generatioun un Nikotinofhängege kéint kommen, wa keng konkret Mesurë geholl gi fir d’Jonker besser ze schützen.