Onsécherheet virum Schoulofschloss

Den Alessio an de Paulo vun der 1CBC02 aus dem Dikrecher Kolléisch, grad ewéi de Félix, deen den Interview gemaach huet (vlnr). / © Kevin Nilles
Wat ass den Impakt vun der Pandemie op d'Schüler, déi virum Premièresexamen stinn? Mir hu bei de betraffene Schüler am Dikrecher Kolléisch nogefrot.
„Et weess een net, wat geschitt, wann ech eng Woch virum Examen ee positive Schnelltest hunn, well mir als Schüler reegelméisseg Tester maachen“, sou de Paulo vun der 1ère CBC02. Nieft dem übleche Stress an Drock vun de Primaner stelle sech hinnen nach vill aner onbeäntwert Froen, ënner anerem wësse si net, wat geschitt, am Fall wou se virum Examen positiv getest ginn, wéini ee se noschreiwe kann a wéi et da mat der Uni virugeet.
Déi rezent Verschäerfunge vun de Mesuren an de Schoule schränke besonnesch d’Primaner an. Sou sinn déi meescht ausserschoulesch Aktivitéite wéi zum Beispill all déi sougenannte Fräibéier-Eventer ofgesot, déi am Ufank vum Schouljoer nach ënnert dem CovidCheck méiglech waren.
De Jakob vun der 1ère CC03 huet gezielt, datt seng schoulesch Leeschtungen ënner den Aschränkunge gelidden hunn: „Am Ufank ass et besser gaang. Du hues eppes, fir dech ofzelenke vum Stress.“ Et hätt ee lo ze vill Zäit an et géif een awer näischt maachen.
Trotzdeem probéieren d’Primaner, dat Bescht aus der Situatioun ze maachen. D’Mottowoch zum Beispill war ganz beléift. Wärend enger Woch hunn d’Schüler sech all Dag zu engem aneren Theema verkleet. Méindes huet et geheescht, mam Pyjama an d’Schoul ze kommen, a mëttwochs goufen d’Geschlechter getosch. Heibäi hu vill Leit matgemaach an et war eng flott Oflenkung zum monotonen Alldag. Eng weider Mottowoch ass geplangt als Ersatz fir déi ofgesote Fräibéieren.
Och d’Proffe weise sech solidaresch a kommen de Schüler entgéint. D’Primaner kéinte sech op d’Ënnerstëtzung an d’Hëllef vun de Proffe verloossen, sou den Norman vun der 1ère CDG05.
D’Primaner si sech der Situatioun bewosst a gesinn och an, datt d’Mesuren zu hirem Beschte sinn. Den Alessio vun der 1ère CBC02 kéint sech bis elo net wierklech iwwert déi aktuell Mesurë beschwéieren, mee hie géif sech wënschen, datt se besser erkläert an éischter kommunizéiert ginn.
Trotz héijer Skepsis hoffe se all, hir Première mat engem wierdegen Ofschloss feieren ze kënnen.

© Jean-Luc Thill
Dësen Artikel ass geschriwwe ginn am Kader vun engem Workshop vum LCD BTS 'Media Writing', den 21. Januar 2022.