Eng vergiesse Katastroph? Mir hunn d'Schüler vum LCD gefrot

Dikrecher Lycée - Aalt Gebai / © Sam Guerreiro Carvalho
Bei enger Ëmfro wou, d'Schüler aus dem LCD iwwer de Klimawandel gefrot goufen, koum raus: Et ass nach relevant, mee net méi genuch thematiséiert.
An enger Zäit wou Kricher, wirtschaftlech Krisen a sozial Ongläichheeten d'Noriichtewelt dominéieren, stellt sech eng wichteg Fro: Bleift d'Verännerung vum Klima nach ëmmer eng Prioritéit an de Käpp vun de Leit? Fir erauszefannen, wéi d'Stëmmung am Alldag ass, goufe verschidde Jugendlecher aus dem LCD zu Dikrech gefrot, ob si der Meenung sinn, datt de Klimawandel nach ëmmer relevant an de Medien ass, a wat ee maache kann, fir méi Opmierksamkeet op des Thematik ze setzen. Si si sech all eens, d'Klimakris feelt an de Medien.
Déi meescht sinn der Meenung, dass d'Global Erwiermung bëssen an den Hannergrond réckt, esou de Yann (16): "Ech fanne mëttlerweil ass dat een Thema, dat net méi sou am Fokus läit, grad wéinst dem Krich. Wann ech lo zeréck kucken wou ech nach méi jonk war, also 12 oder 13 Joer, war dat d'Haaptthema. Awer elo mëttlerweil kréien ech dat guer net méi mat“.
Och d‘Annick (17) deelt des Suerg: "Ech denken éischter net, dass nach vill fir de Klimawandel gemaach gëtt. Ech fannen, dass dat bëssi an den Hannergrond komm ass, et misst ee mol rëm méi Opmierksamkeet doriwwer verbreeden."
D'Lily (14) mengt, dass d‘Klimakris een Thema ass, wat a Saisone kënnt, an dass dat de Problem ass. "Eng kéier heescht et, dat ass grad sou schlëmm an da kuerz drop gëtt dat da rëm komplett vergiess. Ech géif et einfach méi reegelméisseg uschwätzen, sief et an de Schoulen oder op de verschiddene Beruffsplazen“
Am allgemenge sinn d'Schüler sech eens, d'Klimaverännerung ass nach ëmmer immens wichteg, verléiert awer u Relevanz an de Medien. De Grond dofir ass, dass de Fokus op aner Sujete wéi de Krich an der Ukrain oder d'Sécherheet vun der EU gesat gëtt. Och wann des Theme ganz wichteg sinn, sinn d'Schüler der Meenung, dass d'Klimakris net vergiess duerft ginn, an ee vill méi dofir maache misst.
"Ech géif virschloen, méi Informatioun dorëms ze ginn. D'Schoule sollten d’Schüler méi doriwwer opmierksam maachen an hinnen Tipps ginn, wéi si och bëssen dozou bäidroe kënnen de Klimawandel ze stoppen“, erzielt d‘Kenza (16).
Och de Fabio (17) erkläert, dass vill méi muss gemaach ginn. "Ech mengen, dass Social Media eng wichteg Roll spill. Et sollt méi gepost a verëffentlecht ginn, och an der Schoul oder op ëffentleche Plazen, fir méi Leit ze erreechen. Mir ass et wichteg, nach méi iwwer des Thematik ze schwätzen an d’Leit doriwwer ze sensibiliséieren. Fir méi Engagement, misste méi Aktivitéiten organiséiert ginn“.
Zesummefaassend kann ee soen, dass d'Thema Klimawandel de Jonken net egal ass, si awer all der Meenung sinn, dass et net genuch an de Medie present ass, an do eppes gemaach muss ginn, fir des Kris nees an de Fokus ze bréngen.
Dësen Artikel ass geschriwwe ginn am Kader vun engem Workshop vum LCD BTS 'Media Writing', den 28. Mäerz 2025.