E Mëttwoch de Moie war d'Moderniséierung vun der Steierverwaltung Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Digitaliséierung bei der Steierverwaltung geet hire Wee. Dëst Joer si bis ewell eng 26.000 Steiererklärungen digital mam Assistent gemaach ginn. Dat si 17,7 Prozent an iwwer d'Hallschent wäert nach kommen, sot e Mëttwoch de Moien den Direkter vun der Steierverwaltung Jean-Paul Olinger als eisen Invité vun der Redaktioun. Zejoert hunn nach manner wéi 10% am ganzen hir Steiererklärungen online ausgefëllt.

Erkläerten Zil vun der Verwaltung ass et, bis 2028, wann och déi grouss Steierreform kënnt, op 85% ze kommen. Dat wieren dann ëm déi 100.000 Deklaratiounen. D'Steierverwaltung wéilt de Leit e vereinfachte System bidden, sou de Jean-Paul Olinger. D'Leit géifen dat och froen, well si et schonn an anere Länner gesinn hunn.

"De Bierger gëtt gutt eens"

Zanter zwee Joer huet een offiziell bis den 31. Dezember Zäit, fir seng Steiererklärung ze maachen. En Drëttel vun de Leit waart och carrement bis Dezember. Enn zejoert gouf et Problemer, well eng Rei Leit hire Certificat net eropgeluede kruten. D'Servere wieren awer net de Problem, sou den Direkter vun der Steierverwaltung. Déi géifen dat alles packen. D'Leit missten awer oppassen, datt se de Fichier vu Myguichet richteg eroflueden. Soss géif de System d'Dokument net erkennen.

Déi grouss Majoritéit vun de Leit gëtt, dem Jean-Paul Olinger no, awer eens mam Online-System.

D'nächst Joer gëtt et "ganz konkret" bei der Digitaliséierung

De ganzen Digitaliséierungsprozess bei der Steierverwaltung wier op méi Joren ausgeluecht, sou eisen Invité vun der Redaktioun. E soll 2028 prett sinn an dat mat "motivéierte Mataarbechter, engem klore Plang an enger staarker Ënnerstëtzung". Et wier een den Ament mat der Ausschreiwung amgaangen, fir en neien informatesche System ze kréien.

D'Steierverwaltung wëll sech duerfir een Externe mat an d'Boot huelen. De CTIE, also de Centre des technologies et de l'information de l'Etat, géif si zwar vill ënnerstëtzen, mä et géif een hei versichen, "déi beschte Kompetenz" ze fannen, fir de System en Place ze setzen.

Wann d'Leit dat wëllen, kënne vun 2027 un och d'Bankdaten an Informatiounen iwwer d'Assurancen am elektroneschen Assistent schonn am Virfeld ausgefëllt ginn. Haut ass dat schonn de Fall fir d'Pai, d'Lounsteier an d'Familljesituatioun.

Fir den Ament mussen iwwregens nach d'Deklaratiounen, déi via PDF erakommen, erausgeprint ginn, fir dann am Steierbüro traitéiert kënnen ze ginn. Dee PDF wier, genee wéi d'Steiererklärung op Pobeier, en Auslafmodell, sot de Jean-Paul Olinger e Mëttwoch de Moien.

Feeler an der Steiererklärung: Statistik gräift ze grouss

Ugeschwat op d'Nouvelle, datt vun den 9.500 elektronesche Steiererklärunge fir d'Joren 2021-2023, déi zejoert kontrolléiert gouf, ronn 80 Prozent falsch waren. Dat war rezent bei enger parlamentarescher Ufro un de Finanzminister Gilles Roth rauskomm. Dorobber huet de Jean-Paul Olinger geäntwert, datt déi Statistik ze kuerz géif gräifen. Zum Beispill géif ee ganz vill Informatiounen aus dem Ausland kréien, déi net direkt, mä réischt an enger spéiderer Phas verschafft ginn.

D'Steierverwaltung huet 5 Joer Zäit, fir eng Steiererklärung nach emol ze kontrolléieren. Anescht wéi d'Deklaratiounen op Pobeier ginn d'Steiererklärungen, déi via den elektroneschen Assistent gemaach ginn, net méi direkt vum Steierbüro kontrolléiert.

D'Leit kréien an Zäit vun zwou Woche schonn eng Äntwert. Eng Äntwert, déi deemno wéi awer net definitiv ass, well wärend 5 Joer nach Redressementer kënnen nokommen. Datt do Leit deemno wéi eng béis Iwwerraschung awer riskéieren, huet den Direkter vun der Steierverwaltung am Interview erofgespillt. Bei de Steiererklärungen, déi op Pobeier oder via de PDF gemaach ginn, géifen d'Redressementer direkt scho gemaach ginn. Beim Online-Assistent ebe just méi spéit.

Invité vun der RTL Redaktioun: Jean-Paul Olinger

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.