8. Mäerz, en Dag fir d’Fra?

Mir hunn am Zenter vun Dikrech dës jonk Fraen zum Weltfraendag befrot / © Ana Marques
„Fir mech ass all Dag Fraendag!“, sou eng Fra, déi mir am Kader vun enger Ëmfro zu Dikrech begéint hunn.
Mir hunn am Kader vum BTS Media Writing eng Ëmfro gemaach zum Thema Weltfraendag, an hunn do Fraen am Häerz vun Dikrech hir Meenungen gefrot. Op alle Fall sollt et en Dag fir d’Fra sinn. Awer vill Frae kënnen näischt wierklech domadder ufänken.
Vill vun de befrote Fraen hunn uginn, dass se de Weltfraendag kennen. Fir déi eng symboliséiert en de Fortschrëtt vun der Fraebeweegung an erënnert un déi erkämpfte Rechter a Erfolleger. Fir aner erëm ass en just nach e weidere Dag am Kalenner, deen onerkannt an ouni richteg Verännerunge verleeft.
Wat déi Feierlechkeete betrëfft, huet eng Fra vun zéng uginn, dass se dësen Dag aktiv feiert. „Mir ginn als Grupp vu Frëndinnen owes raus iessen, an dat dann och all Joer op deem Datum.“ Si gëtt awer dann och un, dass deen Dag eventuell komplett kommerzialiséiert gëtt, an dass net wierklech d’Fraerechter gefeiert ginn.
Sou och véier Meedercher, déi fannen, dass sou wichteg Theme ewéi d’Fraerechter net genuch Opmierksamkeet kréien. Si fannen et wichteg, dass dat thematiséiert gëtt, zumools Länner sollten thematiséiert ginn, déi nach net sou wäit sinn, wéi mir. Hir Propos wier, dass dat dann och an der Schoul schonn ufänkt, mam opklären an informéieren.
Insgesamt stellen di befrote Frae fest, dass de Weltfraendag net genuch gefeiert gëtt an net genuch Unerkennung kritt. Et ass wichteg, dass de Weltfraendag net nëmmen als Feierdag déngt, mä och als en Dag vun der Reflexioun an der Aktioun, fir op d'Rechter an d'Interesse vun de Fraen op der ganzer Welt opmierksam ze maachen.
Dësen Artikel ass geschriwwe ginn am Kader vun engem Workshop vum LCD BTS 'Media Writing', den 8. Mäerz 2024.