D'Gemengen Hesper an Ettelbréck hunn Iwwerwaachungskameraen ugefrot, wier dat och eng Option fir Dikrech?

Nodeems zejoert Esch an Déifferdeng hir Demande fir Iwwerwaachungskameraen op hirem Territoire ze installéieren, autoriséiert kruten, hu lo och Ettelbréck an Hesper nogezunn an hir Demande bei der Police agereecht. Wier dëst och eng Méiglechkeet fir Dikrech?

Mir waren zu Dikrech ënnerwee an hunn d’Leit no hirer Meenung gefrot.

Also ech perséinlech fannen, dass et net mol sou eng schlecht Iddi ass, jiddefalls zu Ettelbréck. Awer hei zu Dikrech fannen ech huet dat elo net sou ee groussen Notzen. Ettelbréck ass jo quasi en Haaptpunkt hei am Norden. Do ass jo vill Trafic, all Busser ginn dohinner an do sinn och ganz vill Leit. Ech weess net, do ass och sécher bësse méi Kriminalitéit oder Saachen déi geklaut ginn, a wann dat op Video ass, ass et sécher méi sécher.“ sou de Zulian Enzo, Schüler am Lycée Classique Dikrech.

An der haiteger Zäit ass d’Sécherheet eent vun deenen Themen, mat deem sech vill Leit auserneesetzen. Festzestelle war, dass dëse Schrëtt bei der Populatioun op eng éischter positiv Stëmmung trëfft. A sou géife sech d’Matbierger méi sécher an den eegene Stroosse fillen, wann d’Iwwerwaachungskameraen oppasse géifen.

De Filipe Almeida mengt, dass warscheinlech een oder deen aneren net sou frou driwwer wier, vun Sécherheetskameraen opgeholl ze ginn. Hie selwer géif sech dann awer méi sécher fillen.

De Filipe Almeida

De sougenannte Visupol-System ass schonns an der Stad Lëtzebuerg aktiv an d‘Leit, déi mir zu Dikrech gefrot hunn, kéinte sech dee System och gutt an dëser Gemeng virstellen.

Dësen Artikel ass geschriwwe ginn am Kader vun engem Workshop vum LCD BTS 'Media Writing', den 28. Mäerz 2025.