Kuerz virum Bretzelsonndeg weist sech d'Natur zu Dikrech vun hirer schéinster Säit.

D'Fréijoer bréngt d’Sonn an d‘Wanterkeelt verschwënnt. D'Blumme fänken un ze bléien an dobausse gëtt alles méi faarweg. D'Deeg gi méi laang an d'Nuechte gi méi kuerz.

Alles erwächt nees zum Liewen.

Mat der Zäit vum Fréijoer kënnt och e besonneschen Dag, de Bretzelsonndeg.

Deen ass den 10. Mäerz an ass nach méi interessant, well 2024 e Schaltjoer ass.

Dëst Joer ass et un de Fraen, hire Männer eng Bretzel ze kafen an ze schenken.

Et gesäit een se lo schonn an de Supermarchéen a beim Bäcker leien, d'Bretzelen - an dat an deene verschiddenste Varianten.

Mir sinn an eng Bäckerei gaangen an hunn do nogefrot, wat hir Preparatiounen op deen Dag sinn.

Eng Responsabel vun der Bäckerei Fischer zu Dikrech huet eis informéiert, dass si Commanden huelen, si vergläichen d'Jore virdrunner mat Statistiken a si verpaken d'Bretzele fir hir Clientèle: D'Bretzel weist d'Léift zwëschen zwou Persounen.

Déi beléifste Bretzel, déi sech am beschte verkeeft, wär déi grouss Bretzel vun 250 Gramm.

Dësen Artikel ass geschriwwe ginn am Kader vun engem Workshop vum LCD BTS 'Media Writing', den 8. Mäerz 2024.