Ouni Permis ënnerwee an Auto op Parkplaz fir Leit mat Aschränkung ofgestallt

D'Police hat en Dënschdeg mat alkoholiséierte Brigangen, ma verschidden Abréch an engem affrontéierten Automobilist ze dinn.
D'Police schreift an hirem Bulletin vun engem Fall vun Onéierlechen, deene virgehäit gëtt, an engem Geschäft um Lampertsbierg Saache geklaut ze hunn an dono fortgelaf ze sinn. Ee vun de presuméierten Täter konnt d'Police awer séier identifizéieren a stellen. Bei deem konnt een dann och déi geklaute Wuer fannen. Kuerz drop konnt een och déi zweet Persoun stellen an och déi hat Saachen, déi si net bezuelt hat, bei sech. Béid Persoune waren aggressiv an onkooperativ an hunn och d'Beamte dauernd beleidegt. Well d'Polizisten de Verdacht haten, datt si ze vill gedronk haten, goufe si vun engem Dokter ënnersicht, éier si an Arrest koumen. Hinne gëtt klauen, Beamtebeleidegung a Stéiere vun der Ëffentlechkeet virgeworf.
Nieft de gepëtzte Brigange mellt d'Police awer och nach verschidden Abréch. Dat ënner anerem zu Iechternach an e Bistro an an en Haus ze Léiler. A béide Fäll goufe Saache geklaut. D'Ermëttlunge goufen opgeholl.
Ee Permis gouf dann agezunn zu Käerch an der Areler Strooss. Hei war en Automobilist mat sengem Gefier vun der Strooss ofkomm. D'Beamten, déi op d'Plaz koumen, hunn e staarken Alkoholgeroch festgestallt, wat duerch en Test och bewise gouf.
Affrontéiert war e Mann zu Ettelbréck. Deen hat nämlech säin Auto, dee beschiedegt war, an der Rue Abbé Henri Müller op eng Parkplaz fir Leit mat Aschränkung gestallt. D'Polizisten hunn de Chauffer an de Bäifuerer op d'Situatioun ugeschwat, déi hunn awer net reagéiert. Bei der Kontroll koum dunn eraus, datt e Fuerverbuet géint de Chauffer géif virleien. De Parquet huet doropshin den Auto saiséiere gelooss an e Protokoll erstallt.
Um Belval an der Avenue du Rock'N'Roll krut d'Police e Mann gemellt, dee probéiert huet, mat verschiddene Bankkaarten Wueren ze bezuelen. Eng Patrull konnt de Verdächtegen untreffen an iwwerpréiwen. Dobäi koum eraus, datt et sech bei de Bankkaarten ëm Kaarten handelt, déi geklaut waren. Bei den Ermëttlunge koum eraus, datt se aus engem Abroch an en Auto stamen respektiv vun der Arnaque vum falsche Bankemployé. De Parquet huet de Mann festhuele gelooss, deen och schonn virun den Untersuchungsriichter koum.