Um Lëtzebuerger Pensiounssystem ginn Upassunge gemaach an dozou gehéiert ënnert anerem, datt eng Partie Leit méi laang musse schaffe goen.

Dat hat de Premier Luc Frieden jo schonn a senger Ried zur Lag vun der Natioun am Mee annoncéiert. Antëscht ass gewosst, datt déi Verlängerung net esou héich ausfale wäert, wéi am Ufank geduecht. E Mëttwoch de Moien huet d'Gesondheetsministesch Martine Deprez an der zoustänneger Chamberkommissioun Prezisioune ginn.

Chamberkommissioun Pensiounsreform / Q&A vum Marc Hoscheid

Reell Aarbechtszäit gëtt verlängert

Virop sief nach eng Kéier gesot, datt net un der Pensioun mat 65 Joer gefréckelt gëtt, mee et geet dorëms, datt d'Leit méi no un déi Zuel kommen, well déi grouss Majoritéit geet ee gudde Krack éischter an d'Pensioun. An do ginn et jo e puer Méiglechkeeten. Zum Beispill d'Pension de vieillesse anticipée, sief et vu 57 oder vu 60 Joer un. Vu 60 Joer u kann ee goen, wann een op d'mannst 480 Méint geschafft huet, alternativ kann een awer och op aner Mesuren zeréckgräifen, zum Beispill d'Babyjoren, d'Studiejoren oder Joren nokafen. Déi Leit musse vum nächste Joer un dann effektiv méi laang wéi elo schaffe goen. D'Gesondheetsministesch Martine Deprez huet dat e Mëttwoch de Moien och eng Kéier virgerechent.
 
"Et si just déi Leit, déi aner Zäiten erunzéien, déi da vu 60 Joer u fir 2026 ee Mount méi laang musse schaffe goen, fir 2027 zwee Méint, fir 2028 véier Méint a sou weider bis 2030. Een, deen 2030 an d'Pensioun geet an op 480 Méint mat 60 Joer kënnt, an do sinn aner Zäiten dra wéi geschafften Zäiten, dee muss da bis zu 8 Méint weider schaffe goen."
 
Do war et nach d'Prezisioun, datt deen ee Mount méi laang schaffe goe réischt vum 1. Juli dat nächst Joer u gëllt, well ee seng Pensioun jo bis zu 6 Méint am Viraus ufroe kann an esou da keen negativ iwwerrascht gëtt. Fir de Rescht sollen awer all déi annoncéiert Ännerunge vum 1. Januar 2026 u gëllen, dat heescht d'Chamber huet just knapp zwee Méint Zäit, d'Gesetzesännerungen unzehuelen an och de Staatsrot muss sech mat sengem Avis e bëssi tommelen.

Méi Flexibilitéit bei der Pension progressive

Déi aner Méiglechkeeten, fir méi fréi an d'Pensioun ze goen, wéi zum Beispill d'Pension progressive solle méi flexibel gehandhaabt ginn, wéi dat bis elo de Fall war. Do huet ee sech un der Preretraite progressive vum Staat orientéiert an och do ass d'Ministesch zimmlech konkret ginn. Wann de Patron mat sengem Mataarbechter oder senger Mataarbechterin en Avenant festhält, kann d'Persoun decidéieren, wéi si schafft. Esou ass et méiglech ze soen, datt een hallef schaffe geet an hallef d'Pensioun hëlt. Ma de Mataarbechter huet awer och nach aner Optiounen. Si kann zum Beispill soen "ech wëll eng Véierels meng Pensioun an dräi Véierels weider schaffe goen oder ech wëll nach ee Véierels weider schaffe goen an dräi Véierels meng Pensioun kréien."
 
Ganz wichteg ass bei deem Modell natierlech, datt de Patron d'Accord muss sinn. Dobäi kënnt, datt een an deenen dräi Joer, éier een d'Pension progressive ufreet, op d'mannst 75 Prozent geschafft muss hunn, an der Fonction publique muss ee Stand elo déi lescht dräi Joer zu 100 Prozent geschafft hunn. Dat ass vläicht just een Detail, mee trotzdeem net onwichteg, anescht wéi fréier hëlt een net d'Pensioun a geet weider schaffen, mee et bleift een am Kader vum Aarbechtskontrakt. Dat heescht d'Pensioun, déi ausbezuelt gëtt, ass keng Pensioun am eigentleche Sënn, mee eng Indemnitéit, fir déi Zäit, déi een net méi schafft. Dat heescht dann och, dat d'Dispositions anticumuls reegelen, wéi vill Suen een nieft der Pensioun héchstens dobäiverdéngen dierf, an dësem Fall net gëllen.

Studentejore spille weider eng Roll

Och bei Studiejoren deet sech eppes an do bleift et beim Stéchwuert "Flexibiliséierung". Bis elo konnt ee sech d'Studiejore just fir déi Zäit urechne loossen, déi een am Alter tëscht 18 a 27 Joer studéiert huet. An Zukunft sinn d'Studiejoren déi Zäit, déi ee vum Alter vun 18 Joer u bis zu enger Dauer vun héchstens néng Joer studéiert huet. Dat heescht, wann een zum Beispill direkt nom Lycée ee Bachelor mécht, awer réischt mat 28 Joer ee Master nomécht, da ginn déi Joer spéider och unerkannt.

Mat Mesurë wier Pensiounssystem bis 2042 ofgeséchert

Interessant war och, datt net sou ganz kloer ze si schéngt, wéi vill méi Sputt déi geplangt Mesuren da lo fir de Pensiounssystem bréngen. D'Ministesch sot, de System wier bis 2042 ofgeséchert, dat wiere véier Joer. Den héije Beamten aus dem Ministère, dee mat dobäi war, huet vun zwee Joer duerch d'Cotisatioune geschwat an ee Joer duerch déi aner Mesuren. An esouguer wann ee keen Zuelefetischist ass, weess een, datt zwee plus eent net véier, mee dräi gëtt. Alles an allem goufen d'Ännerunge bei de Pensioune ganz roueg diskutéiert, vun der Oppositioun koume quasi just Verständnisfroen.
 
An der Kommissioun gouf iwwregens och iwwer d'Resultater vun der Quadripartite geschwat. An deem Kader huet d'Martine Deprez wësse gedoen, datt d'Dokteschassociatioun AMMD déi annoncéiert Kënnegung vun der Konventioun nach net agereecht huet.