Fir géint Diskriminatioun an der Schéinheetsindustrie unzegoen, huet de "Van Der Goot Hair Studio" zu Dikrech eng fair Alternativ gewielt.

D’Pink Tax - e Begrëff, deen an de leschte Joren ëmmer méi Opmierksamkeet kritt huet.

Et ass ee Phänomen, wou d'Produiten a Servicer, déi u Frae vermaart ginn, méi kaschten ewéi änlech Produiten, déi u Männer vermaart ginn. Vu Raséierapparaten iwwer Kleeder bis zu Shampoing: Frae bezuelen dacks eng Primm op hir Produiten, eleng wéinst hirem Geschlecht.

Besonnesch d'Schéinheetsindustrie gëtt fir hire Bäitrag zur Pink Tax stäerk kritiséiert. E Musterbeispill sinn d'Coiffeurssalonen, bekannt fir hir gegendert Präislëschten. Traditionell bezuelen do Frae méi fir d’Schneiden, de Styling an aner Servicer wéi d‘Männer mat der selwechter Hoerlängt.

Géigewand kënnt awer op an der Industrie. Stéchwuert Unisex Präispolitik. Ee Konzept wat dem Mike Van der Goot, Coiffeur a Besëtzer vum Salon Van der Goot  Hair Studio zu Dikrech, um Häerz läit.

RTL

© Patrycja Pruchenska

"Eist Konzept ass u sech ganz einfach. Eng Fra, déi kuerz Hoer huet, soll net méi bezuelen, wéi ee Mann, dee kuerz Hoer huet. Dat heescht awer och, wann ee Mann mat laangen Hoer kënnt, da bezilt deen da méi – sou wéi eng Fra", esou de 25 Joer jonke Coiffer.

Am September 2022 ass säi genderfairen Salon an der Dikrecher Groussgaass opgaangen – ee vun den éischten am Land. D'Konzept schéngt ze funktionéieren, u Cliente feelt et net.

"Fir eis ass et vläicht e bësse méi Aarbecht, well mir eis Präisser hu missen nei ausrechnen, mee eis Cliente sinn zefridden. Si bezuele léiwer ee Präis, dee baséiert ass op d’Material an d'Zäit, déi geschafft gouf, wéi op hiert Geschlecht" erkläert hien.

Am Kampf fir d'Gläichstellung vun de Geschlechter huet de Salon ee Wee fonnt, dee fir si funktionéiert. Vläicht ass et e Konzept, wat an Zukunft méi dacks iwwerholl gëtt.

RTL

Van Der Goot Hair Salon / © Patrycja Pruchenska

Dësen Artikel ass geschriwwe ginn am Kader vun engem Workshop vum LCD BTS 'Media Writing', den 9. Juni 2023.