Sonndesfro am TageblattAm Norde géif d'ADR ee Sëtz vun der DP kréien

Déi Liberal kréichen also just nach 1 Sëtz, genee wéi déi Gréng, déi bei engem bléifen. D'LSAP géif bei 2 bleiwen an d'CSV bei 4, also net méi op 5 kommen.

"Ewéi eng Partei géift Dir wielen, wann den nächste Sonndeg Wahlen wieren?" Dës Fro huet TNS-Ilres am Optrag vum "Tageblatt" an deene leschte ronn sechs Méint erëm de Wieler an de véier Wahlbezierker gestallt. D'Resultater vun dëser neister "Sonndesfro" ginn dës Woch am Tageblatt publizéiert. Den Optakt huet e Mëttwoch de Bezierk Oste gemaach, en Donneschdeg ass den Norden drun, e Freideg den Zentrum an e Samschdeg de Süden.

Hei éischt Zuelen iwwert de Bezierk Norden

Am Verglach zu den Wahle vun Oktober 2013 gewënnt d'LSAP am Norde liicht derbäi. Wann de Sonndeg Wahle wieren, géif se op 18,2 Prozent an zwee Sëtz kommen. D'CSV géif hire fënnefte Sëtz, dee se zwëschenzäitlech zréckgewonnen hat, erëm verléieren. Si kéim vun 33,69 Prozent bei de Wahlen op elo 37,9 Prozent.

D'ADR géif 9,2 Prozent erreechen, wann de Sonnde Wahle wieren, wat am Norden ee Sëtz wäert wier.

D'Sëtzverdeelung am Norde wier domadder: CSV: 4 (4); DP: 1 (2); LSAP: 2 (2), déi gréng: 1 (1), ADR 1 (0) - a Klammeren d'Wahlresultat

D'Detailer en Donneschdeg am "t".

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.