Geschitt ass dëse gewalttätegen Iwwergrëff e Mëttwoch den Owend 29. Oktober um kuerz no 18 Auer an der Stater Gare. D'Affer krut eng gëlle Kette geklaut.

D'Affer, dat natierlech anonym bleift, huet RTL nom Iwwerfall kontaktéiert an erzielt an hirem Temoignage, dass, wéi si mat dräi Frënn an d'Gare an der Stad eragaangen ass, op eemol vun engem jonke Mann ugeschwat gouf. Dësen hätt franséisch geschwat an d'Fra gefrot, ob si e Briquet hätt. Si hat keen, huet dëst dem Täter och kloer gemaach, ma deen huet net labber gelooss, huet insistéiert, d'Fra souguer e puer Mol der Schëller ugepak, fir si zou sech ze dréien. D'Affer krut Angscht an ass weider Richtung Entrée vun der Gare getrëppelt.

Dunn huet de Mann Gewalt an d'Spill bruecht a soll, sou Aussoe vum Affer, zwee Mol fest géint den Hals vun der Fra geschloen hunn a wier dono séier fortgaangen. Wéi et weider heescht, soll eng zweet Persoun wärend der Dot beim Täter gewiescht sinn, déi dunn och matgaange wier. Dëst wier och vun Iwwerwaachungskamerae gefilmt ginn, Zeien hätten d'Dot och matkritt.

"Ech war extrem schockéiert an hat Angscht... ech hu mech direkt gefrot, wisou hie mech an den Hals geschloen huet. Ech sinn an d'Gare eragaangen an hunn der Security matgedeelt, wat grad geschitt ass. Wéi ech d'Situatioun erkläert hunn, ass mer bemol opgefall, dass meng deier gëlle Ketten net méi do war. Ech hu mech fuerchtbar gefillt... souguer elo, wou ech driwwer zielen, ziddere meng Hänn ëmmer nach", sou d'Fra, déi ëmmer nach sichtlech matgeholl vun der Dot ass.

De Beamte vun der Security huet d'Fra allerdéngs net wierklech verstanen, well hie keen Englesch verstanen huet, ma huet d'Fra awer bis bei d'Police-Statioun op der Gare selwer begleet. Wéi sech hei no Minutte kee bei der Fra gemellt hat, obwuel de Fall gemellt gouf, huet d'Affer decidéiert, den 113 unzeruffen. D'Police koum dunn op d'Plaz, huet Aussoe vum Affer a vun engem Zeien opgeholl. Zäitgläich hunn d'Beamten der Fra eng Partie Fotoe gewisen, op deenen tatsächlech eng Persoun war, déi als Täter konnt identifizéiert ginn.

D'Dot huet déif psychologesch Spuere beim Affer hannerlooss

Wéi d'Fra op de Police-Büro koum, haten d'Beamten den Täter du scho festgeholl, dëst gouf da Fra dunn och matgedeelt: "Ech hat nach ëmmer Angscht. Ech hunn den Déif duerch eng gliese Fënster um Police-Büro gesinn, wéi hie vun der Police eskortéiert gouf. Et war definitiv hien, hien hat déi selwecht schwaarz Jackett un." D'Kette selwer gouf nach net recuperéiert heescht et, iwwert de Stand vun der Enquête selwer hätt d'Affer keng Informatiounen. D'Police selwer huet matgedeelt, dass de Verdächtegen op Uerder vum Parquet festgeholl gouf a virun den Untersuchungsriichter koum.

D'Fra, déi net aus Europa kënnt, ma awer am Moment zu Lëtzebuerg lieft a studéiert, schwätz dovun, dass de Virfall e groussen Impakt op hir mental Gesondheet hat, dee se bis haut staark markéiert. Si selwer schwätzt vun engem "psychologeschen Trauma", hätt ënnert anerem Konzentratiounsschwieregkeeten a géif sech net méi sécher fillen. D'Fra selwer misst och dacks wéinst der Uni laanscht d'Plaz vum Virfall, wat fir si beängschtegend a stresseg wier. Och de Verloscht vun hirer Ketten, déi hiren eenzege wierkleche Wäertgéigestand aus hirer Heemescht war, e Kaddo vun hirer Mamm, géif si extrem traureg an deels souguer depressiv maachen a fuerdert, dass op d'mannst d'Kette kéint erëmfonnt oder ersat ginn.