Minister Claude Meisch huet gréisser Bedenken ausgedréckt
© RTL
Et misst ee sech och d'Fro stellen, sou de Minister, ob een all dës Leit iwwerhaapt hei am Land kéint fannen.
Vun engem Réckzéier kann een net schwätzen, mä an der leschter Educatiounskommissioun vun der Chamber huet de Minister Claude Meisch virun den Deputéierte gréisser Bedenken ausgedréckt, wat déi geplangten Aféierung vun engem zweeten Intervenant an der Spillschoul betrëfft.
Am Koalitiounsaccord vun der CSV-DP-Regierung ass u sech virgesinn, datt den Enseignant an der Spillschoul en Educateur oder eng Educatrice zur Säit gestallt soll kréien, fir de Kanner esou besser Startméiglechkeeten ze ginn. Am Precoce ginn déi Kleng haut scho vun zwou Persounen enseignéiert. Den DP-Educatiounsminister huet dës Woch ze bedenke ginn, datt duerch dës Mesure 800 zousätzlech Leit Personal gebraucht géifen. Et gëtt den Ament 800 Spillschoulsklassen am Land.
Et misst ee sech och d’Fro stellen, ob een all dës Leit iwwerhaapt hei am Land fanne géif. An den Ae vum Claude Meisch wier et dowéinst wichteg, fir d’alleréischt emol e pedagogescht Konzept auszeschaffen.
Am Verglach: fir de Projet "ALPHA-Zesumme wuessen", also déi generaliséiert Alphabetiséierung op Franséisch vum nächste Schouljoer un, geet den Educatiounsministère den Ament dovunner aus, datt dofir 100 zousätzlech Enseignante gebraucht wäerte ginn.