Am Kontext vun enger Polykris géif d'Strategie feelen, fir sech strukturell nei opzestellen.

Dëst wier awer wichteg, fir nees Wuesstem ze kréien, fir de Logement an de Grëff ze kréien a fir déi enorm Defense-Ausgabe gestäipt ze kréien. Op Säite vun de strukturelle Reforme gesäit een op Säite vun den Depensen eng kloer Pist beim Staatsapparat, deen zum Beispill duerch méi Digitaliséierung a manner Bürokratie méi effikass kéint ginn.

An der Fonction publique sollt och nees d'Performance gemooss kënne ginn, zum Beispill kéint mat engem Primme-System geschafft ginn, fënnt d'Handwierkerkammer. Generell misst d'Croissance beim Emploi am Ëffentlechen Déngscht gebremst ginn, spréch: et sollen net méi sou vill Leit beim Staat agestallt ginn.

RTL

© Pit Everling

Och bei de Sozialausgabe wier Sputt do fir méi Effikassitéit, fënnt d'Handwierk. Lëtzebuerg hätt pro Kapp déi héchst sozial Depensen an der OCDE. Hei sollt e Monitoring gemaach ginn, fir Iwwerschneidungen an Inkoherenzen ze identifizéieren. D'Handwierkerkammer plädéiert iwwerdeems fir méi sozial Selektivitéit, fir gratis Prestatiounen och ze rechtfäerdegen. 
 
Bei de Pensioune wier d'Geleeënheet leider verpasst ginn, fir bei den néidege Reforme wäit genuch ze goen. D'Verlängerung vun de Cotisatiounsjoren ëm just aacht Méint wier reng Kosmetik. Och mat Bléck op d'Gesondheetskeess verlaangt d'Chambre des métiers eng déifgräifend Reform vun der Sécurité Sociale, déi den haitegen Ufuerderunge gerecht gëtt.

[commenter]