Am Laf vum 3. Trimester dëst Joer scho soll grosso modo gewosst sinn, wéi vill Kanner duerno vu September 2027 un op franséisch liesen a schreiwe léieren.

Nach ass de Gesetzprojet net gestëmmt. Mä d'Generaliséierung vun der Alphabetiséierung op Franséisch, also déi landeswäit Aféierung vum "Projet ALPHA-Zesumme wuessen", gëtt ëmmer méi konkret. Net nëmmen, datt déi concernéiert Enseignantë Formatiounen ugebueden an d'Léiermaterialie progressiv ausgeschafft ginn. Am Laf vum drëtten Trimester dëst Joer scho soll grosso modo gewosst sinn, wéi vill Kanner duerno vu September 2027 un op franséisch liesen a schreiwe léieren, dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch den Deputéierte vun der Chambereducatiounskommissioun dës Woch annoncéiert.

An zwar huet den Educatiounsministère déi verschidde Schouldirektiounen domadder chargéiert, fir mat de verschiddene lokale Schoulcomitéen an de Gemengen eng sougenannte "Schattenorganisatioun" opzestellen, fir elo schonn ze gesinn, wou d'Kanner duerno orientéiert wäerte ginn, wann dann de Projet ALPHA vu September d'nächst Joer u graduell uleeft. De Claude Meisch: "Fir rauszefannen wat kéinten dann, soe mer mol, logesch oder probabel Choixe si vun den Eltere fir dann ee Joer virdru schonn op d'mannst eng éischt Indikatioun ze hunn, wéi kéint dat doten dat Joer drop ausgesinn an dann a Kontakt mat de Gemengenautoritéiten ze trieden"

De Ministère geet fir den Ament dovunner aus, datt duerch déi flächendeckend Alphabetiséierung op Franséisch landeswäit 100 Klasseraim an domadder 100 zousätzlech Enseignantë gebraucht ginn. Eppes wat dem Terrain weider Suerge mécht. Donieft bleiwen eng ganz Partie praktesch Froe bei der Ëmsetzung. Den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner huet op d'Penurie beim Léierpersonal higewisen, wéinst där elo scho vill Leit um Limitt wieren. Duerfir wier et wichteg, d'Enseignanten och konkret z'ënnerstëtzen.

"Et gi Formatiounen ugebueden. Déi meescht huelen déi Formatiounen och un, well se hire Beruff jo och seriö huelen. Mä d'Formatioun geet net duer. Iergendeng Kéier brauch ee jo och Energie. Et schéngt mer alles e bëssche vag ze sinn, fir ze soen, mir wäerte kucken, si iergendwann eng Kéier administrativ z'entlaaschte mat KI".

ADR als eenzeg Partei prinzipiell géint de Projet

Déi eenzeg fundamental Kritik un der Reform kënnt nach ëmmer just vun der ADR. Den Deputéierte Fred Keup huet den negativen Avis vun der Staatsbeamtekammer zum Gesetzprojet zitéiert, fir z'illustréieren, wéi grouss d'Oppositioun géint "ALPHA" senger Meenung no ass. "Dat sinn déi Leit, déi et mussen ëmsetzen. Déi wëllen dat net. Wann ee vu Participatioun schwätzt, da kéint ee jo och d'Léierpersonal froe wéi se dozou stinn, dat gëtt natierlech net gemaach. An ech sinn iwwerzeegt, ech kann et net beweisen, mä ech sinn iwwerzeegt, wann der géift e Referendum maachen, wier et 80-20 géint dee Projet".

Déi aner Deputéiert an de Minister ware sech awer eens, datt de Projet "Alpha-Zesumme wuessen" sécher net all d'Problemer an de Schoule léise wäert, mä op d'mannst zu enger gréisserer Chancëgläichheet bei der Sprooch bäidroe kéint. Zanter Jore géifen d'Epreuvë vun der Uni Lëtzebuerg weisen, datt d'Bildungsschéier grad no der Alphabetiséierung auserneegeet, huet de Claude Meisch an der Kommissioun widderholl. Zu Ongonschte vu ville Migrantekanner. Dat wier net nëmmen en individuellt Leed, mä e Verloscht u Potential fir déi ganz Gesellschaft.

Kanner sollen am Cycle 4.2. all nees zesummegeféiert ginn

Als Rappell: de Projet "ALPHA - Zesumme wuessen" soll graduell vun der nächster Rentrée u bis 2030 agefouert ginn. Ugefaange mam Cycle 1 fir d'Schouljoer 2026/2027. D'Zil vun der Alphabetiséierung op franséisch ass a bleift et, d'Kanner bis de Cycle 4.2., also dat fréiert 6. Schouljoer, an de Sproochen op dee selwechten Niveau an doduerch nees an eng an déi selwecht Klass ze bréngen. Dat huet den Educatiounsminister an der Kommissioun op en Neits ënnerstrach. Am Secondaire plangt den Educatiounsministère awer weider Adaptatioune bei de Sproochen. Net nëmmen am Kontext vun der Reform am Preparatoire, mä déi frankophone Offer am Lycée soll weider ausgebaut an all d'Handwierkerformatiounen am DAP vun der nächster Rentrée un op franséisch ugebuede ginn.

Just een negativen Avis

Antëscht leien déi verschidde Avisen zum Gesetzprojet an den deementspriechende Reglement vir, mat deem d'Schoulgesetz aus dem Fondamental adaptéiert gëtt. Als eenzeg opposéiert sech effektiv d'Staatsbeamtegewerkschaft. Staatsrot, Salariatskammer, Chambre de commerce, Chambre des métiers an de Conseil supérieur de certaines professions de santé begréissen d'Reform alleguerten och wa se op verschidde Schwächten, respektiv Limitten hiweisen. D’Staatsbeamtekammer hätt léiwer gehat, datt d’Alphabetiséierung just an deene Gebaier agefouert géif, déi sech prett fillen. Eppes wat de Ministère kategoresch refuséiert. An der ëffentlecher Schoul misst jiddereen déi selwecht Moyenen hunn, sou de Claude Meisch.