Alkoholkontroll zu Fenteng an an der Stad
© Police
D'Police hat an de leschte Stonnen nawell méi ze dinn. Ugefaange mat enger Alkoholkontroll op Uerder vum Parquet.
Dës war an der Nuecht op e Mëttwoch zu Fenteng an der Beetebuergerstrooss zu Fenteng tëscht 18 an 19 Auer. Méi spéit hu sech d'Beamten an der Stad positionéiert, dat tëscht 20 an 21 Auer tëscht dem Boulevard G.D. Charlotte an der Place Winston Churchill an der Stad. Eng Stonn méi spéit war nach eng Alkoholkontroll an der Rue de Bonnevoie op der Héicht vun de Rotonden.
Am Ganze goufe 294 Automobilisten och ouni Indice op eng Consomatioun, engem Otemtest ënnerzunn. A 4 Fäll war den Test positiv. Et goufen 3 procès-verbaux respektiv en Avertissement taxé ausgeschriwwen.
Abréch a Wunnengen an Haiser
En Dënschdeg den Owend gouf an en Haus zu Nidderfeelen agebrach. Onbekannter haten eng Fënster ageschloen an hunn am Haus d'Raim duerchwullt. ënner anerem gouf e gëllene Rank an eng Auer geklaut.
Zu Stroossen hate sech onbekannten Täter iwwert d'Garage en Zougang an e Méifamilljenhaus verschaaft an do zwee Motorrieder matgoe gelooss.
Méi spéit gouf nach e weideren Abroch an e Méifamilljenhaus zu Bouneweg gemellt. Do war en Onéierlechen iwwer eng oppe Fënster an eng Wunneng erageklommen an huet d'Raim no Wäertsaachen duerchsicht.
An den dräi Fäll goufen Ermëttlunge lancéiert.
Preventiv Rotschléi, wéi ee sech virun Abréch schütze kann, fënnt een um Site vun der Police.