Zwou Stonnen Hausaufgabe pro Dag, an dat am Cycle 3: d'Hausaufgabe si fir verschidde Schoulkanner an Elteren zu engem Stressfacteur ginn.

Dat kritiséiere betraffen Elteren an engem Facebookgrupp, awer och hei op RTL. Den Aufgabepensum wier deemno net méi ze stemmen. Ausserdeem géif et keng kloer Richtlinnen, wéi vill Hausaufgaben a wéi engem Alter ubruecht wieren. Dat géif staark vun den Enseignanten ofhänken.

Den Educatiounsministère reagéiert um Bord vun enger Pressekonferenz op d’Kritik. D'Francine Vanolst, Chef vum Service Enseignement Fondamental betount, et géif een dat eescht huelen, ma et géif wuel Direktiven: esou sollt an den Hausaufgabe keng nei Matière opgeschafft ginn, an:

"Mir hunn an der Circulaire 2021 definéiert am Cycle 2 eng Stonn Hausaufgaben iwwert d’Woch verdeelt, am Cycle 3 zwou bis dräi Stonnen, an am Cycle 4 bis zu 4 Stonnen iwwer d’Woch verdeelt. Dat heescht net am Continu, mee wierklech verdeelt. Woubäi een awer muss soen, dass Kanner ganz ënnerschiddlech un deenen Hausaufgabe schaffen.   Déi eng si scho fäerdeg, wa se aus der Schoul kommen, déi aner hu vläicht just nach eppes fäerdeg ze schreiwen, anerer fäerdeg ze schreiwen an och nach ze verbesseren. Dofir muss een ebe kucken, wat individuell dem Kand kann zougemutt ginn."

Si réit dofir, bei Problemer d’Gespréich mat de respektiven Enseignanten ze sichen. Falls een do keng Léisung fanne géif, wieren de Schoulpresident an duerno d’Regionaldirektioun zoustänneg. Och déi national Elterevertriedung huet sech kritesch gewisen an hannerfrot, wéi sënnvoll Hausaufgaben iwwerhaapt fir jonk Kanner wieren. D’Kritik war hei ënnert anerem, dass Hausaufgabe sozial Ongerechtegkeete verstäerke géifen, well Kanner, déi keng Schwieregkeeten an der Schoul hätten an doheem gehollef kréichen, sech verbessere géingen. Déi aner géife sech éischter verschlechteren. De Ministère wier sech dees bewosst, Hausaufgabe wieren awer wichteg fir dat Geléiert ze verdéiwen, erkläert d’Francine Vanolst. Et wier awer och esou, dass d’Schoulkanner am Prinzip hir Hausaufgaben eleng maache kënne sollen. Sollt dat net klappen, sollten d’Elteren och an deem Fall d'Gespréich mat der Schoul sichen.