Den 9. August 2019 war en Tornado iwwer Käerjeng a Péiteng ewechgezunn. Duerno war villes futti. Eng Lann erënnert elo un des Wiederkatastroph.

Op der Grenz tëscht Käerjeng a Péiteng gouf um Donneschdegmoien e Bam geplanzt. Méi prezis zu Käerjeng "Bomicht". Dëst als Erënnerung un den Tornado vum 9. August 2019. Um 7 Auer haten d'Preparatiounsaarbechten op der Plaz ugefaangen. No enger gudder hallwer Stonn stoung de Bam.

De Bam, eng Lann, kënnt aus Holland. En huet 40 Joer, ass 9 Tonne schwéier an ass 16 Meter héich. E spezielle Kran huet dësen op seng Plaz gehuewen.

Eng Lann als Erënnerung un den Tornado 2019
Opwänneg Aarbechte fir d'Planze vun engem Bam zu Käerjeng.

Spéider solle ronderëm d'Lann nach Bänken opgestallt ginn. Am Schied vum Bam kënnen d'Awunner vu Péiteng a Käerjeng duerno puer flotter Momenter verbréngen. 35.000 Euro huet de Bam kascht.