Annex vum Spidol am GRIDX? "De Promoteur huet schonn d'Sabbeldicher un"
En Donneschdeg de Moie waren d'Tensiounen tëschent Regierung a Gewerkschaften Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’Gewerkschaften hunn all Ursaach fir op d'Tromm ze schloen. Et freet ee sech, "wéini packt dës Regierung sech mat all de verschiddenen Attacken?", sot en Donneschdeg de Moien den Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum. Hie géif sech och froen, wat d'Regierung sech ënner Dialog virstellt. Et hätt ugefaange mam Aarbechtsrecht, also mat der Sonndesaarbecht an den Ëffnungszäite vun de Geschäfter. Duerno koumen d'Pensiounen an d'Annonce, d'Leit misste fënnef Joer méi laang schaffe goen. An elo géing ee mam Aushielege vum Gesondheetssystem weider maachen, kritiséiert den Deputéierte vun déi Lénk. Hie gehäit der Regierung vir, iwwerhaapt keng kloer Strategie a Saache Gesondheetspolitik ze hunn. Et wier kloer, dass et laangfristeg u Leit feelt an dofir wier et virop eng Fro vun Organisatioun. Aktuell wier dat awer een eenzege groussen Hick-Hack mat méi Privatisatioun. Dat géing a Wierklechkeet dozou féieren, dass just Double emploi gemaach gëtt, wou da privat Gesellschafte sech och nach d'Filetsstécker wéilten erausschneiden, kritiséiert de Marc Baum.
D'Visioun vun der AMMD ass dystopesch
De Lëtzebuerger Gesondheetssystem ass solidaresch, ëffentlech an universal zougänglech. D'Zil wier et, all Mënsch déi bescht méiglech medezinesch Betreiung ze ginn, onofhängeg vu senger sozialer Situatioun. Déi rezent Entwécklunge géifen dat a Fro stellen. D'Visioun vun der Doktesch-Associatioun AMMD nennt de Marc Baum "dystopesch". D'AMMD géing sech virstellen, dass d'CNS de Leit just nach e Grondpackage ubitt. Si wëllen an Zukunft selwer decidéieren, wéi vill si de Leit froe wäerten. Dat géing evidenterweis an eng Zwee-Klasse-Medezin féieren. "An dat kann op kee Fall de Wee sinn", kritiséiert de Marc Baum. Natierlech géingen esou privat Initiative wéi d'Findel Clinic oder den IRM um Potaschbierg entstoen, well d'Legislateuren déi lescht 20 Joer "häerzlech wéineg gemaach hunn". Do misst och eng LSAP sech bei der Nues huelen.
"De Promoteur huet schonn d'Sabbeldicher un"
Déi Lénk plädéieren natierlech och fir dezentral medezinesch Strukturen, déi no bei de Leit sinn, mee eng méiglech CHEM-Spidols-Antenn am GRIDX zu Wickreng huet de Marc Baum ferme kritiséiert. Éischtens géing e ganzt neit Südspidol geplangt ginn. Zweetens géingen et schonn zwou Antenne ginn, zu Diddeleng an zu Nidderkuer. Mee virop fënnt den Deputéierten, dass et net kéint sinn, dass den déckste Promoteur vum Land, elo schonn nees e Stéck vum Kuch wéilt hunn. De GRIDX wier eng landesplaneresch Katastroph. De Promoteur hätt fir de Projet scho seng eegen Autobunnsopfaart kritt, de Staat géing elo bei him lounen, fir d'Hotelsschoul do ze etabléieren an elo soll d'ëffentlech Hand nach bezuelen, fir do medezinesch Servicer unzebidden? Ouni Analys, ob dat op där Plaz Sënn mécht?, sou d'Kritik vum Invité. "Hei gesi mer erëm eng Kéier, dass e Promoteur, deen och spatz kritt huet, datt am Moment de Gesondheetssystem soll ausgehielegt ginn an deen d'Sabbeldicher schonn ugedoen huet, fir sech och säin Deel vum Kuch ofzeschneiden."
Kotisatioune bei der CNS deplafonéieren
D'CNS schreift keng rout Zuele méi an dofir gëtt et eng einfach Léisung, déi och sozial gerecht wier, nämlech fir d'Kotisatiounen ze deplafonéieren. Domat géife Leit, déi méi wei fënnef Mol de Mindestloun verdéngen, och deementspriechend méi kotiséieren. Domat géinge ronn 300 Milliounen Euro zousätzlech u Recettë pro Joer generéiert ginn. Et wier déi einfachst an déi sozial gerechtst Mesure. Se géif fënnef Prozent vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, betreffen. "Mee leider Gottes sinn et déi fënnef Prozent, déi d'Regierung och decidéiert huet, datt si genau déi iewescht fënnef Prozent vertrëtt an net de Rescht vun deene 95", sou nach de Marc Baum.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.