De Gemengen konkret Hëllefsstellunge ginn am Fall vu Katastrophen: dat ass d'Zil vun engem neie Guide fir d'Ausschaffe vun engem lokale Resilienzplang.

"Et ass wichteg sech esou opzestellen, datt een dat schlëmmst evitéiert!" Dat huet den Inneminister Leon Gloden en Donneschdeg de Moie betount, wéi déi national Resilienzstrategie presentéiert gouf. E konkrete Guide fir déi politesch Responsabel um Gemengenniveau am Fall vun enger Katastroph.

Katastrophe kéimen, dat kéint ee leider net vermeiden, mee et kéint ee sech gutt opstellen a sech präventiv virschaffen, fir gutt preparéiert ze sinn, fir am Fall vun enger Katastroph séier kënnen ze reagéieren an och dono séier zréck an den Alldag ze kommen, sou den Inneminister Gloden. D'Gemenge wieren a sou Situatiounen e wichtegen Acteur:
 
"Déi lokal politesch Responsabel sinn déi, déi am beschten hir Gemeng kennen. Ech schwätzen do och als fréiere Buergermeeschter. Dir kennt Är Leit, Dir kennt d'Gegeebenheete vum Terrain, Dir kennt d'Potenzial vu Risikoen, vu Geforen op Ärem Territoire vun de Gemengen. Doriwwer eraus sinn eng Rei Gemengen a besonnesch och Gemengesyndikater, déi systemrelevant national Infrastrukture bedreiwen."
 
Déi lokal Strategie gouf deklinéiert vun der nationaler Resilienzstrategie a soll als Guide dénge fir d'Gemengen:
 
"Do geet et ganz konkreet. Wien ass den Uspriechpartner? Wou ass d'Telefonszentral? Wou sinn d'Sandsäck?" 

13 Etappe ginn am Guide definéiert. Virop géif et mol drëm goen, en Etat des lieux ze maachen, erkläert d'Christine Bastian vun der Direction générale de la securité civile:
 
"Wéi vill Leit wunnen an der Gemeng? Wat hunn ech alles vu Risiken? Wéi enge Risike sinn ech vläicht speziell a menger Gemeng ausgesat? Et ginn der, wou mer all betraff sinn. Ech mengen, eng Cyberattack kann all Gemeng treffen, en Tornado och, et huet awer Gemengen, wou zum Beispill grouss industriell Sitte sinn, wou eppes op deem Site geschéie kann." 

Aner Froen, déi ee sech als Gemeng muss stellen, sinn zum Beispill, wéi eng Moyenen een huet, fir op eng Katastroph ze reagéieren, Risiken ze identifizéieren an da konkret iwwerleeën, Zenarien opzestellen:
 
"Wéi genau leeft dat of, wann et elo vill reent a menger Gemeng? Wéi eng Strooss ass déi éischt, déi impaktéiert ass? Wéi eng Strooss muss also als éischt zougemaach ginn? Wat kënnt als nächst? Muss ech vläicht en Altersheem evakuéiere goen? Dass een einfach ganz konkreet iwwerleet. Oder an der Pandemie zum Beispill: wéi eng Servicer sinn essentiel, déi musse weidergefouert ginn? Wéi eng Servicer kann ech zoumaachen an déi Leit dann ofzéien, fir de Relais ze huele vun deene Servicer, déi eeben da musse garantéiert sinn?"
 
Dat ganzt wier awer keen opgeschlossene Prozess. Aus all Kris géif een nei Erkenntnisser kréien, aus deenen een dann och weider léiert an déi géifen dann och a souwuel déi national wéi och déi lokal Resilienzstrategie afléissen, huet den Inneminister nach betount.