Hausaufgabe sollen d'Matière aus dem Unterrecht widderhuelen, ma déi mannste Kanner maache se gären.

Eltere kritiséieren Hausaufgabepensum / Reportage: Anne Wolff

Fir verschidde Famillje sinn d’Aufgaben awer scho laang net méi just eng lästeg Flichtübung, mee verursaache Stress, Drock a Frustratioun. Mir hu mat Eltere geschwat, déi sech froen, ob de Pensum nach zäitgeméiss ass.

Am Cycle 3 wieren d’Hausaufgabe fir hiert Kand zur Belaaschtung ginn, erzielt eis eng Mamm, déi wëllt anonym bleiwen. Mir nenne si dowéinst Lea Müller. De Pensum wier immens geklommen: "Mir sinn owes ëm 18 Auer heem komm, hie war midd, ech war midd an da souze mir nach zwou Stonnen do Hausaufgaben ze maachen. Et ass een ënner Drock, well een natierlech wëllt, dass d'Kanner et gemaach hunn, dass se dat net méi mussen an der Schoul no schaffen. Wann en d’Aufgaben net gemaach huet, huet hien och nach Strofe kritt a misst déi zousätzlech zu den Hausaufgabe maachen".

Keen Eenzelfall, wéi e Bléck an eng Facebookgrupp weist, déi Schwieregkeeten an der Schoul thematiséiert, besonnesch och d’Hausaufgaben.

Temoignage: Kierperlech Reaktiounen duerch Hausaufgabe-Stress

Gegrënnt gouf déi Grupp uganks November vun der Aurore Rössler. Hiert Meedche geet och an de Cycle 3 an hätt all Dag eng, zwou Stonnen no der Schoul nach um Schreifdësch gesiess. Den Aarbechtspensum wier schliisslech op d’Gesondheet gaangen, erzielt d’Mamm: "Bauchwéi, Kappwéi an du si mir ëmmer rëm bei den Dokter gelaf. D’Analyse si gemaach ginn, fir eng organesch Ursaach ze fannen, mee et ass näischt fonnt ginn. Duerch geziilte Froe vun der Doktesch si mir schliisslech drop komm, dass et duerch eng Iwwerbelaaschtung verursaacht wier".
 
Zanter der Grënnung vun der Grupp géif si mat Temoignagen iwwerschott. Si wier net prinzipiell géint Hausaufgaben, mee d’Mass wier e Problem. Dat wier net méi un d’Liewensrealitéit vun den Elteren ugepasst, déi dacks zu zwee schaffe ginn oder zum Beispill d’Sproochen net schwätzen an net vill hëllefe kéinten. Si huet ausserdeem de Verdacht, dass de Programm, dee soll an der Schoul duerchgeholl ginn, deels als Hausaufgaben un d’Elteren iwwerdroe géif. Dat léich deels un der Inclusioun, déi fir d’Aurore Rössler an der aktueller Form net funktionéiert, well doduerch am Kuer ze vill Matière géif leie bleiwen, déi dann doheem misst opgeschafft ginn.

Elterevertriedung: Wéi sënnvoll sinn Hausaufgaben an der Grondschoul?

Och déi national Elterevertriedung gesäit den Aufgabepensum an der Grondschoul kritesch: Hausaufgabe géife sozial Ongläichheete verstäerken, well déi, déi doheem gutt encadréiert kënne ginn, sech verbesseren an déi aner sech verschlechteren, betount de President Alain Massen. Natierlech géif et och Elteren, déi wéilten, dass hir Kanner gefuerdert sinn a fäerten, dass den Niveau an der Grondschoul nëmmen no ënne korrigéiert géif, a méi staark Schüler ënnerfuerdert wieren. Och esou Temoignagë si bei eiser Redaktioun agaangen.

Den Alain Massen plädéiert an dem Kontext fir eng Analys, wéi sënnvoll Hausaufgabe bei esou jonke Kanner sinn: "Et geet eis drëm, dass dat Ganzt adaptéiert gëtt. A wann dann dobäi erauskënnt, dass et sënnvoll ass, en deel Aufgaben ze ginn, dann ass dat fir eis ok. Wann een awer elo feststellt, dass d’Plus-Value ganz niddreg ass an dass am Endeffekt nëmmen Drock a Stress bei 70 Prozent vun de Kanner erreecht gëtt, da si mir éischter der Meenung, déi Hausaufgaben hunn do keng Plaz, da muss een aner Weeër fannen."
 
Donieft géif een och feststellen, dass d’Quantitéit vun den Hausaufgabe staark vum Enseignant ofhängeg wier. Hei wiere kloer Direktive sënnvoll, wéi vill Zäit fir Hausaufgaben an de verschiddene Klassen ubruecht wier, seet den Alain Massen. Um Site vum Ministère gëtt et esou eng Consigne, déi fir en drëtt Schouljoer zum Beispill e globalen Hausaufgabepensum vun zwou Stonnen d’Woch virgesäit. Allerdéngs ass déi Consigne aus dem Joer 2005, dertëscht goufen et sëllege Reformen.

Eltere wënsche sech méi Gehéier

Am Fall vun der Lea Müller war d’Léisung, dass hire Bouf déi regulär Schoul verléisst an an engem Centre sociotherapeutique betreit gëtt, wou d’Hausaufgabe keng grouss Roll méi spillen. Dat hätt vill Stress erausgeholl. Och d’Aurore Rössler gesäit an hirem Fall Léisungsusätz, ma béid Mamme wënsche sech, dass méi op d’Eltere gelauschtert géif, an d’Vernetzung vun den Hëllefsoffere méi grouss wier.