De 6. November hat d'Police zesumme mat der Douane méi speziell Kontrollen duerchgeféiert.

Am Kader vun engem EMPACT-Aktiounsdag war den Drogenhandel am Fokus, méi genee den Transport vun dësen an extra dofir ekipéierte Gefierer, a verstoppte Fächer oder Huelraim. Ma och den illegalen Handel aus dem Ausland an de regionalen Drogenhandel wéi och de Konsum goufe méi genee ënner d'Lupp geholl.

Tëscht 15 an 22 Auer stoungen d'Beamten deemno op der Areler A6 op der Héicht Sterpenech, souwéi op der Diddelenger A3 bei Zoufftgen, ma och nach op den Nationalstroossen N7 an N62 op der Wemperhaart. Sämtlech Ween, déi verdächteg gewierkt hunn an aus dem Ausland koumen, goufe gestoppt a kontrolléiert. Am Ganze waren dat 83 Gefierer an 128 Persounen. Bei zwou Persoune gouf eng kleng Quantitéit Droge fonnt.